Search

You may also like

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag
International Neiegkeeten

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag

De verlängerten Aarm vun al-Quaida a Kenia, d‘al-Schabaab-Miliz, huet um

Rock the South 2019 – Elo sidd Dir gefrot!
International Neiegkeeten

Rock the South 2019 – Elo sidd Dir gefrot!

Säit der éischter Editioun vum Rock the South – Newcomer

Huet Trump de Russe geheim Informatioune weiderginn?
International Neiegkeeten

Huet Trump de Russe geheim Informatioune weiderginn?

Den amerikanesche President Donald Trump ass wëll nees an de

Äerdbiewen am Iran

Äerdbiewen am Iran

Déi iranesch Noriichtenagentur IRNA huet de Mueren en Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 5,7 op der Richterskala gemellt. Wéi et heescht huet den Epizenter bei der Stad Masjed Soleiman an der Provënz Khuzestan (Südwesten) geleeën. Bis ewell ass rieds vu véier Persounen déi blesséiert goufen. Rettungsequippe sinn ënnerwee fir déi lokal Kräften ze ënnerstëtzen.

Iran

© IRNA

Laut der USGS – dem amerikaneschen Zentrum fir geologesch Iwwerwaachung – huet d‘Biewen um 9 Auer eiser Zäit stattfonnt. D‘Äerdbiewen ass an enger Déift vun 10 Kilometer enregistréiert ginn, a war och an de Länner vum persesche Golf ze spieren. Den Iran läit op enger tektonescher Plack déi nawell zolidd aktiv ass. An der Regioun ginn all Dag (éischter kleng) Stéiss notéiert.

mat indymedia/tlv/sfo

Related topics Äerdbiewen, Iran, Masjed Soleiman
Next post Previous post