Search

You may also like

Bausecteur: d‘Patronat verweigert sech engem Kollektivvertrag
International Neiegkeeten

Bausecteur: d‘Patronat verweigert sech engem Kollektivvertrag

Leschte Mëttwoch ass et an de Raimlechkeete vum nationale Conciliatiounsbüro

Wettrëschten ëm d‘Herrschaft iwwert de Weltraum
International Neiegkeeten

Wettrëschten ëm d‘Herrschaft iwwert de Weltraum

Et huet alles 1983 ugefaangen, wéi den deemolegen US-President Ronald

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis
International Neiegkeeten

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis

D‘Graf vum onbekannten Zaldot, bei deem sech um haidege Sonndeg,

Äerdbiewen an Albanien

Bei enger Serie vu Biewe sinn an Albanien mindestens 68 Persoune verletzt ginn

Äerdbiewen an Albanien

Um Samschdegnomëtten ass widderholl zu Äerdstéiss komm. Dat stäerkst Äerdbiewen huet et kuerz no 16 Auer mëtteleuropäescher Zäit ginn. Laut albaneschem Verdeedegungsministère soll d‘Biewen eng Stäerkt vun 5,8 op der no uewen oppener Richterskala gehat hunn. Zwee weider Äerdstéiss mat enger Stäerkt vun 5,1 a 4,7 sinn am Uschloss notéiert ginn. Et gouf Blesséierter.

Laut dem Bilan deen de Gesondheetsministère um spéiden Owend erausginn huet, wiere bei dësen Äerdbiewen, mindestens 68 Mënsche blesséiert. 21 vun hinne befannen sech zur Zäit nach an de Spidäler. Den Epizenter vum Biewen ass beim Kap Rodon geleeën (dat ass nërdlech vun der Hafestad Durrës). Laut den Autoritéite war et dat schlëmmst Äerdbiewen zanter Joerzéngten.

Zu Durrës an Tirana ass et ënnert de Bevëlkerung zur Panik komm. Mënsche sinn op d‘Stroosse gelaf an d‘Rettungsdéngschter hunn sech opgestallt. D‘Administratioun vun der Haaptstad Tirana huet bestätegt, datt iwwerall an der Stad Equippe bereet sinn anzegräifen, wann d‘Situatioun et géif erfuerderen. Vill Gebaier sinn duerch d‘Äerdbiewe beschiedegt ginn an deels onbewunnbar.

D‘Fakultéit fir Geologie zu Tirana wier béis beschiedegt, esou eng éischt virsiichteg Analys. Steng an aner Trëmmer déi vun de Gebaier erofgefall sinn, hunn e sëllechen Autoe regelrecht „platt“ gemaach. D‘Biewe waren och an den ugrenzende Länner, Montenegro a Nordmazedonien ze spieren. De Ministerpresident Edi Rama eng Auslandsrees ofgebrach an ass zréck an Albanien.

Den albanesche Ministerpresident wäert och net un der UN-Vollversammlung deelhuelen, esou déi staatlech Noriichtenagence ATA. Albanien ass am Mëttelmierraum geleeën, deen zu enge vun den Aktiivsten Äerdbieweregiounen an Europa zielt. Hei treffen dann och déi afrikanesch an eurasesch Kontinentalplacken openaner, wouduerch sech Spannungen opbauen déi sech blëtzaarteg entlueden.

Och d‘Beweegung vu Mikroplacken (wéi beispillsweis d‘Adria-Plack) beaflossen de Mouvement vun der grousse Kontinentalplacken. Äerdbiewe wéi dat vum Samschdeg, sinn allerdéngs och an Albanien, dat direkt un der Adriaküst geleeën ass, net üblech. De leschten Äerdstouss hat et den 1. Juni bei Korçë am Südoste vum Land ginn. Och hei war et zu erhiefleche Schied komm.

mat indymedia/tir

Foto: Un de Biller déi eis d‘Fakultéit fir Geologie zu Tirana zur Verfügung gestallt huet, ass ze erkenne wéi eng Kräfte beim Äerdbiewe muss gewierkt hunn. Hei ass zum Gléck kengem e leed geschitt. © Geology Dept of University of Tirana

Related topics Äerdbiewen, Albanien, Durrës, Tirana
Next post Previous post