Search

You may also like

USA verspären EU Zougang zu russeschem Gas
International Neiegkeeten

USA verspären EU Zougang zu russeschem Gas

Mat senger Ënnerschrëft ënnert den „FY20 NDAA“ (National Defense Autorization

Verkackt Parlamentswahlen a Spuenien
International Neiegkeeten

Verkackt Parlamentswahlen a Spuenien

Ah wann dat de „Generalissimo Francisco Franco“ mat eegenen Aen

Divers Upassungen am Transport: Fir eng besser Mobilitéit?
International Neiegkeeten

Divers Upassungen am Transport: Fir eng besser Mobilitéit?

Am Kader vun den Aarbechten un der Infrastruktur vum Tram

Schwéiert Äerdbiewen erschüttert Japan

Schwéiert Äerdbiewen erschüttert Japan

Bei engem schwéieren Äerdbiewen am Nordoste vu Japan, huet et honnerte Verletzter ginn. Betraff sinn d‘Präfekture Fukushima a Miyagi, an och am Raum Kanto an Tokyo huet et Blesséierter ginn. Eng Gefor duerch en Tsunami hätt net bestanen, esou d‘Autoritéiten.

Japan

Vill Japaner hu bei dësem Äerdbiewen nees d‘Biller vu viru bal 10 Joer an Erënnerung geruff kritt. Deemools hat d‘Äerdbiewen en Tsunami an eng Atomkatastroph ausgeléist. D‘Erschütterung virun der Küst vu Fukushima a Miyagi huet sech um 23.08 Auer (Lokalzäit) zougedroen an hat eng Stäerkt vu 7,3 op der no uewen oppener Richterskala. Laut den nationalen Autoritéiten, géif et sech bei dësem Biewen, ëm een Nobiewe vum schwéiere Séibiewe vum 11. Mäerz 2011 handelen.

Deemools ware vum Äerdbiewen iwwer 18.500 Mënschen an den Dout gerappt ginn, den Tsunami hat Atomkraaftwierk Fukushima Daichi an zur Explosioun bruecht. Dës Kéier hätt et awer keng Auswierkungen op d‘Atomruin gehat, bericht de Bedreiwer Tepco. Duerch d‘Biewe ware ronn 1 Millioun Japaner an der Regioun vum Stroum ofgeschnidden an et gouf virun Nobiewe gewarnt.

Japan gehéiert mat zu den am stäerkste vun Äerdbiewe bedreete Regiounen op der Welt. Hei treffe véier tektonesch Placken openaner: déi Pazifesch, déi Nordamerikanesch, déi Eurasesch an déi Philippinnesch. Esou ergëtt et sech, datt a Japan de Buedem quasi stänneg ziddert oder zumindest a Beweegung ass. Déi allermeeschten Äerdstéiss sinn éischter ongeféierlech, an d‘Leit si virbereet.

mat indymedia/tyo

Foto: Wann TV-Spriecher op de Tëlee am Studio Helmer unhunn, dann ass Japan nees am Noutstand. © Gabriel Knupfer, Tohuko

Related topics Äerdbiewen, Fukushima, Japan, Miyagi
Next post Previous post