Search

You may also like

money
Australesch Regierung op der Uklobänk
International Neiegkeeten

Australesch Regierung op der Uklobänk

Wann d‘Studentin Katta O‘Donnell optrëtt, brauch et ëmmer ee klengen

Et ass sech nees zivilgesellschaftlech abruecht ginn
International Neiegkeeten

Et ass sech nees zivilgesellschaftlech abruecht ginn

Iwwert de Summer hu sech vill Leit Gedanken iwwert d‘Zukunft

Nee zu private Sécherheetsdéngschter fir d‘Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum
International Neiegkeeten

Nee zu private Sécherheetsdéngschter fir d‘Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum

déi lénk Stad hunn sech an engem Communiqué op déi

Schwéiert Äerdbiewen op Haiti

No engem éischte virsiichtege Bilan, mellen d‘Autoritéiten dat et mindestens 300 Affer ginn huet

Schwéiert Äerdbiewen op Haiti

En Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,2 op de no uewen oppener Richterskala huet de Süde vun der Karibikinsel Haiti zolidd duerchgerëselt. Dem Zivilschutz huet schonn 304 Doudesaffer registréiert, en 1.800 Persoune solle Verletzt gi sinn. Den haitianeschen Interim-Premierminister Ariel Henry, huet d‘Situatioun als dramatesch beschriwwen an den Noutstand ausgeruff.

Haiti

Den Epizenter vum Äerdbiewen ass eng Dose Kilometer vu Petit-Trou-de-Nippes, an an enger déift vun ongeféier zéng Kilometer geleeën, esou de geologeschen Déngscht USGS. Säitens dem US-Wiederdéngscht NOAA war eng Tsunami-Warnung ausgeschwat ginn, déi dann no eng kuerzer Zäit nees konnt opgehuewe ginn. Allgemeng awer huet et geheescht weider Opmierksam ze bleiwen.

Nom verheerenden Äerdbiewe vun 2010 – den Epizenter louch nëmme 75 Kilometer ëstlech vun dësem – bei deem sengerzäit iwwer 220.000 Mënsche gestuerwe sinn am honnertdausenden Haiser zerstéiert goufen, ass gewosst, datt de Buedem nach eng Zäit laang instabil ass. Unhand de Biller déi an de sozialen Netzwierker gedeelt ginn, kann ee sech ee Bild vun der Zerstéierung maachen.

Haiti

An dëse „Kanäl“ ass rieds vun agestierzten Haiser an Hoteller. Mënsche sollen ënnert den Trëmmer begruewe sinn. D‘Zeitung „Diario Libre“ (Dominikanesch Republik) huet ee Video verëffentlecht op deem den Zäitpunkt vum Biewe wëll festgehale gi sinn. D‘Biewen ass zu Port-au-Prince, wéi och op den Nopeschinsele gespuert ginn. D‘Amerikaner hunn der Regierung Hëllef ugebueden…

mat indymedia/pap

Illustratioun: © USGS

Related topics Äerdbiewen, Haiti, Karibik, NOAA, Petit-Trou-de-Nippes, Saint-Louis-du-Sud, USGS
Next post Previous post