Search

You may also like

E Kaméil an der Wüst
International Neiegkeeten

E Kaméil an der Wüst

Am US-Representantenhaus hu mëttlerweil net méi eleng d‘Demokraten es mat

EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela
International Neiegkeeten

EU ergräift Sanktioune géint de Venezuela

Um Méindeg huet d‘EU Sanktioune géint politesch Leader vum Venezuela

Korea: Gutt Aussiichten op e Friddensvertrag
International Neiegkeeten

Korea: Gutt Aussiichten op e Friddensvertrag

Déi zwee koreanesch Staatscheffen hunn sech, beim historesche Sommet op

Schwéier Schied duerch Äerdbiewen zu Zagreb

Schwéier Schied duerch Äerdbiewen zu Zagreb

Wéi d‘Kollege vu „24sata.hr“ beriichten, huet et um Sonndegmueren zu Zagreb an Ëmgéigend, zwee mëttelschwéier Äerdbiewe ginn. D‘Stéiss hunn sech bannent enger hallwer Stonn gefollegt a hunn schwéier Schied ugeriicht.

D‘Autoritéite mellen Dosende Blesséierten, mee Doudesaffer ginn zur Stonn keng gemellt. Wéi et heescht sinn d‘Zigele vun den Diecher gefall, Fassade si gerass a Maueren agefall. Trëmmer hu Gefierer ënnert sech begruewen an esouguer d‘Kathedral ass betraff. Hei ass eng vu béiden Tuermspëtzten aus 100 Meter héicht erofgefall.

Wéi den europäesch-mediterranen Äerdbiewenzenter (EMSC) matdeelt, huet et dat éischt Biewen de Moien um 6.24 Auer ginn. Dëst hat eng Stäerkt vu 5,3 op de no uewen oppener Richterskala. Dat zweet Biewe gouf um 7.01 Auer, do mat enger Stäerkt vu 5,0 op der Richterskala. D‘Epizenter vun de Biewen huet 7, respektiv 10 Kilometer vun Zagreb ewech geleeën.

Foto: © EMSC

Related topics Äerdbiewen, EMSC, Kroatien, Zagreb
Next post Previous post