Search

You may also like

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen
Neiegkeeten

Russesch Kontakter vun der Trump Equipp loossen sech net méi vun der Hand weisen

„Nee, nee keng Persoun déi ech kennen“: am Februar 2017

Kläranlag Uerschdref: Ee Beitrag zur Zerstéierung vun eiser Biodiversitéit (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Kläranlag Uerschdref: Ee Beitrag zur Zerstéierung vun eiser Biodiversitéit (Lieserbréif)

Elo ass et esou wäit. E Freideg huet eng Firma

Handelskrich mat den USA: d‘EU setzt sech zur Wier
Neiegkeeten

Handelskrich mat den USA: d‘EU setzt sech zur Wier

Haut Freideg, leeft d‘Konteroffensiv vun der EU géint d‘USA un.

Äerdschëff: Erausfuerderunge sinn do, fir gemeeschtert ze ginn

Esou lues hëlt d’Äerdschëff zu Réiden un der Atert Form un. Iwwerschwemmungen Mëtt Dezember haten de Bau vun dësem spezielle Projet immens ausgebremst, d’Ekipp war mat hire Kräften um Enn, an esou stoung am Februar eng Auszäit vun 2 Wochen un. Mat neier Motivatioun, bekannte Gesiichter an neie Fräiwëllege konnt schliisslech nees ugerappt ginn.

Duerch ee Konstruktiounsfeeler un de Waasserbehälter huet sech d’Waasser am komplette Raum ausgebreet, wat d’Planung nees ëm 2 Méint zeréckgehäit huet. D’Dämmung aus Hanf, déi grad eréischt installéiert gouf, huet nees missen ewechgeholl ginn, an dunn stoung d’Waarden un – de Buedem misst dréchnen, wat duerch d’Notzung vun natierleche Materialien seng Zäit an Usproch huele géif, an och un d’Wiederkonditioune war ee gebonnen. Domat wäert och den Ofschloss vum Bau am Abrëll 2021 net machbar sinn.

Äerdschëff
Äerdschëff Luxembourg / Facebook

E puer fräi Deeg waren noutwenneg fir de Kapp nees fräi ze kréien a Kraaft ze sammelen. An dunn goung et erëm biergop!

D’Wandmillen steet, muss awer nach ugeschloss ginn, fir spéider Stroum ze gewannen, an och d’Réier vun der Foussbuedemheizung leien. Dës weideren huet d’Ekipp ugefaangen, op den enge Plaze mat Kallek ze verbotzen, op anere Plaze gëtt schonn déi lescht Couche Lehm gezunn. Nodeems bei eiser leschter Visitt Ufank Dezember d’Iddi opkoum, en Deel vun enger Mauer mat an aus Fläschen ze modelléieren – dat aus ästhetesche Grënn a fir nach méi Luucht eran ze kréien – goufen dëst ëmgesat a wäert deemnächst nach artistesch verfeinert ginn.

Wat am Bausseberäich am Meeschten an d’A fält, ass de grousse bloe Container, deen an Zukunft den ëffentlechen Toiletten an den Technikraum Plaz bidde wäert. Ma, wärend et bausse blo liicht, gëtt bannen gehummert a geschrauft. Déi eenzel Zëmmer kann ee sech mëttlerweil scho virstellen.

Äerdschëff
© Shari Pleimelding / moien.lu

Datt et an de leschte Woche relativ schnell virugaangen ass, ass der 2ème GSE aus dem Ettelbrécker Lycée ze verdanken. Fir d’Schüler ass dëse Projet eng Méiglechkeet, hiert Wëssen an d’Praxis ëmzesetzen. Datt si d’Materialien, d’Maschinnen a verschidde Prozedure scho kennen, koum un dësem Zäitpunkt immens geleeën.

„Wann d’Leit motivéiert sinn, geet d’Aarbecht ëmsou besser!“

Iwwert dës Hëllef huet och d’Sofia aus Éisträich sech gefreet. Hatt gehéiert zu de Laangzäitvolontairen, hat ufanks keng Kenntnisser um Bau, huet an de leschte Méint awer extrem vill bäigeléiert.

Nodeems hatt sech mat der Nohaltegkeet an der Ëmwelt beschäftegt huet, wollt et selwer aktiv ginn – a kuerzer Zäit esou vill wéi méiglech léieren a mat den Hänn schaffen. Ware seng Elteren virun engem knappe Joer nach skeptesch géigeniwwer de Pläng vun hirer Duechter, esou bewonnere si mëttlerweil dem Sofia säin Engagement.

Äerdschëff
D’Sofia ass Laangzäitvolontaire aus Éisträich © Shari Pleimelding / moien.lu

Besonnesch gutt gefält him un dësem Projet, datt een och ouni Kenntnisser mat upaken dierf. D’Aarbecht gëtt engem virgewisen, an dann heescht et léieren, andeems een et selwer mécht. Duerch de stännege Wiessel vun de Fräiwëllegen, kënnen Wëssen an Erfarungen schnell an einfach ausgetosch ginn. A grad elo mat de Schüler aus dem Ettelbrécker Lycée duerft hatt seng bannenzeg Librairie weider opfëllen.

D’Sofia wollt aus senger Komfortzon eraus, huet sech getraut an dat néidegt Selbstbewosstsinn gesammelt, fir Iddien auszeprobéieren. „Et muss een mat Häerzblutt schaffen“, erkläert d’Éisträicherin. Nieft all de Kenntnisser, déi hatt sammelen konnt, huet hatt mëttlerweil och immens grousse Respekt virun alle Persounen, déi um Bau schaffen, an an der Konstruktioun vun engem Gebai abezu musse ginn.

Äerdschëff
© Shari Pleimelding / moien.lu

Vun Natursteenplacken, enger Bikepist an Ännerungen am Plang

Ass de Bau emol ofgeschloss, bedeit dat nach net d’Enn vum Projet. Duerch e Monitoring solle Réckschlëss op d’Konstruktioun, déi hei ugewannte Prinzipien an eist Verhale gezu ginn. Och do wäerten nieft Experten och Fräiwëlleger an interesséiert Persoune wëllkomm sinn. Hinne wollt een eigentlech am Äerdschëff eng Plaz fir ze schlofen bidden, wat awer esou net méiglech ass.

Et hapert un der Geneemegung – géif ee Persounen banne schlofe loossen, wier dat u verschidde Virgaben beim Gebai gebonnen. D’Feierschutzdier, beliicht Exit-Schëlder a Maueren, déi engem Feier fir eng bestëmmten Zäit standhale kënnen, si just e puer Bedéngungen. Esou hunn d’Annick an d’Mim, Coordinateure vum Projet, d’Schlofkummer an e weidert Zëmmer fir Aktivitéiten verwandelt.

Äerdschëff
D’Mim (lénks) an d’Annick (riets) hunn um Äerdschëff quasi op all Fro eng Äntwert, a fir all Problem eng Léisung © Shari Pleimelding / moien.lu

Eng Iddi, déi mat oppenen Ärem entgéint geholl gouf, koum vum neien Direkter vum Atert Lycée Réiden. D’Plaz ronderëm d’Äerdschëff soll nämlech spéider als Bikepist genotzt ginn, sou datt Amateuren a Sportler sech aktiv ausliewe kënnen.

Ma, an den nächsten Deeg wäerten déi Fräiwëlleg mam Stampflehm experimentéieren an dësen uschléissend fir de Buedem notzen. An dësem Kader ass d’Äerdschëff-Team och op der Sich no Natursteenplacken fir den Ënnergrond am Banneraum auszekleeden. Si sollen eng Déckt vun 2 bis 3 cm hunn.

Wéi d’Äerdschëff nach Ufanks Dezember ausgesinn hutt, kënnt Dir am Artikel „Kennt Dir schonn d’Äerdschëff?“ gesinn. Do fannt Dir och weider Informatiounen zum Projet.

Uewen fannt Dir eng passend Billergalerie © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Äerdschëff, Container, ekologesche Projet, Ettelbrécker Lycée, Fortschrëtter, Geneemegung, Iwwerschwemmung, Mim an Annick, Natursteenplacken, Nohaltegkeet, Réiden un der Atert, Sofia, Stampflehm, Vëlo, Volontaire, Wandmillen
Next post Previous post