Search

You may also like

Méi Finanzmëttel fir déi politesch Fraktiounen
International Neiegkeeten

Méi Finanzmëttel fir déi politesch Fraktiounen

2020 soll et – esou war et och am Koalitiounsaccord

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt
International Neiegkeeten

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt

Hie war Offizéier an der Arméi an huet vun enger

Jerusalem: 14 Blesséierter bei Ugrëff mat engem Auto
International Neiegkeeten

Jerusalem: 14 Blesséierter bei Ugrëff mat engem Auto

Hënt ass zu Jerusalem e Mann mat sengem Auto an

De schmuele Grat vun der Migratioun

Bannent enger Woch hu ronn 700 Migranten den Äermelkanal tëscht Frankräich a Groussbritannien iwwerwonnen

De schmuele Grat vun der Migratioun

Zanter Januar hunn eng 4.000 Migrante mat drolegen Embarcatiounen, d‘Iwwerfaart tëscht der nordfranséischer Küst a Groussbritannien gewot an och gepackt. Tëscht dem 6. an dem 11. August waren et der 700. London ass net amuséiert a stellt d‘Migrante generell als kriminell Gruppen duer, déi d‘national Sécherheet a Fro stelle géifen. Gëschter koum et zu enger Krisesëtzung.

MigratiounDe brittesche Premierminister Boris Johnson ass granzeg: hie verlaangt vu Frankräich endlech déi ugemoosse Schrëtt ze ergräifen an ze verhënneren, datt ëmmer méi Migrante vu Frankräich aus a Richtung Groussbritannien opbriechen. Och d‘Inneministesch Priti Patel, eng Hardlinerin wéi aus dem Billerbuch, ass et midd sech der Invasioun vun dësen onerwënschte Mënschen ze erwieren.

Fir si ass d‘Unzuel vun den illegalen Awanderungen iwwert den Äermelkanal emol ze héich a si gedenkt elo och d‘Arméi zur Grenzsécherung anzesetzen. „Mir schaffen drun, déi Kriminell ze verhaften an dës Séifaarten onattraktiv ze maachen“, esou d‘Priti Patel géintiwwer der BBC. Fir de Boris Johnson, sinn dës Iwwerfaarten „Schlecht, domm, geféierlech a kriminell“.

MigratiounSchold un dëser Situatioun wieren d‘Fransousen. Si géifen einfach näischt ënnerhuelen, fir de Problem an de Grëff ze kréien. D‘Natalie Elphike (Tories) Deputéiert vun Dover: „Frankräich huet Millioune vun eise Steiergelder erhalen, fir de Problem ze léisen. Ech wëll eng nei Vereenbarung. D‘Fransouse mussen d‘Booter stoppen an déi wou hei ukomme mussen zeréckgeschéckt ginn“.

Alles net esou einfach

Schonn am Juli hat et tëscht de Britten an de Fransousen eng Krisesëtzung ginn a sengerzäit haten déi zoustänneg Minister vu béide Länner sech op enger besser Zesummenaarbecht verstännegt, mee d‘Situatioun ass och weiderhin net wierklech zefriddestellend. Dat sech béid Parteien elo och nach géigesäiteg beschëllegen an een deem anere Virwërf un de Kapp gehäit, ass och net hëllefräich.

MigratiounDobäi kann een de franséischen Autoritéiten elo wierklech net virwerfen, datt si géifen d‘Hänn an de Schouss leeën. An de leschten dräi Wochen, hunn d‘Fransouse gutt 1.000 Migranten un der Iwwerfaart gehënnert. Eng Aarbecht déi masseg Goss verschléngt, an dees hunn es d‘Fransousen net ze verschenken. Méi Geld fir weider Patrulle steet dann och den Ament net zur Verfügung.

Fir de Kapitän vun der Gendarmerie, Laurent Martin de Morestel, Vizekommandant vu Calais, ass d‘Situatioun séier erkläert: „Vun de 70 Kilometer Küst, musse meng Männer der Eleng 45 iwwerwaachen. Dat si sechs Kilometer pro Gendaarm, an datt sech dat net kann opgoen, dierft net musse besonnesch betount ginn“. Méi Mëttel verlaange méi Geld, an dat huet de Kapitän net.

Migratioun

De Kapitän vun der Gendarmerie Laurent Martin de Morestel kann net méi Patrullen asetze wéi hie Leit huet dës ze maachen. © Service d’Information et de Relations Publiques des Armées / Gendarmerie.

Op et elo richteg ass, datt Paräis vu London géif 35 Milliounen Euro verlaangen, wéi dat vun enger Rei britteschen Zeitunge behaapt gëtt? Geséchert ass emol datt de BoJo an enger onbequemer Lag ass, hat hien dach senge Landsleit versprach, datt ee mam Brexit nees d‘Kontroll iwwert déi eege Grenze géif erhalen. Mam Austrëtt geet awer och d‘Dublin-Veruednung op en Enn, déi et de Britten erlaabt huet, d‘Asylanten aus Frankräich zeréckzeschécken. Domadder gëtt de Problem méi grouss.

mat indymedia/lil/lon/dov

Related topics Äermelkanal, Boris Johnson, Frankräich, Groussbritannien, Illegal Migratioun, Migratioun, Priti Patel
Next post Previous post