LuxFoodExpress: Loosst Iech Äre Menü Heem liwweren!
Dir kommt midd vun der Aarbecht an hutt keng Loscht,
Leschte Freideg war dee fir d‘Bannesécherheet delegéierte Minister Henri Kox
Äert Liiblingsrezept kann dobäi mat enger kuerzer Anekdot oder enger Foto vum Menü dekoréiert ginn. Esou kritt Dir d’Geleeënheet Deel vum éischten E-Kachbuch ze ginn an Äre Favorit mat der EU ze deelen.
Nach bis den 30. Juni hutt Dir Zäit d’Rezept op ec.europa.eu iwwert de Formulaire anzeschécken.
D’Initiative zum europäesche Kachbuch geet op de Weltëmweltdag um 5. Juni zeréck. Beim Titel vum Buch huet ee sech un der Farm to Fork Strategie inspiréiert, mat där d’EU ustrieft, bis 2030 ganzer 25 % vun der gesamter landwirtschaftlecher Notzfläch fir den ekologesche Landbau ze notzen.
An dësem Sënn besteet d’Haaptzil vum Kachbuch dodran, d’Bedeitung vun ekologeschen, lokalen a saisonale Liewensmëttel ze ënnersträichen a gläichzäiteg d’Bedeitung vun der europäescher Kichen fir den Zesummenhalt vu verschidde Kulturen ervir ze hiewen.
Am éischte Kapitel „Tastes of Europe“ stellen déi 27 Memberstaaten hir Rezepter vir. Am zweeten Deel „Europe in the world“ soll d’Oppenheet vun Europe fir aner Kulturen representéiert sinn.