Search

You may also like

Kriibs: Preventioun a Kontrollen trotz Pandemie net vernoléissegen!
International Neiegkeeten

Kriibs: Preventioun a Kontrollen trotz Pandemie net vernoléissegen!

Gëschter huet de Weltkriibsdag stattfonnt. Mat Bezuch op den offizielle

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!

Et gëtt kee mannerwäertege Beruff. Et gi just Uerteeler vu

Editorial: Spannung pur am Streaming!
International Neiegkeeten

Editorial: Spannung pur am Streaming!

Streaming Portaler wéi Netflix rëselen d’TV-Industrie wakereg. Dat ass gutt

Den AfD-Politiker Georg Pazderski verléiert géint Sea-Eye

D'Séinoutrettungsorganisatioun huet sech géint Haass an Hetz gewiert

Den AfD-Politiker Georg Pazderski verléiert géint Sea-Eye

Den Donneschdegowend koumen déi gutt Nouvellen. D’Landesgeriicht Berlin huet bestätegt, datt d’Verfügung géint den AfD-Politiker Georg Pazderski bestoe bleift.

Dësen hat am Oktober 2020 behaapt, datt d’Besatzung vun der ALAN KURDI “den Attentäter vun Nizza an Europa bruecht huet”. De Post, deen de Politiker an de soziale Medie gedeelt huet, huet iwwer dausende vu Mënschen erreecht. Eng Kettereaktioun huet net laang op sech waarde gelooss. De Veräi gouf mat Haass iwwerschott. Och Morddreeunge waren drënner. Dem Pazderski seng Affekoten haten (ouni Succès) Widdersproch géint dës Verfügung ageluecht.

D’Landesgeriicht Berlin huet en zeréckgewisen. Domat huet sech d’Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Eye erfollegräich géint dës Behaaptunge gewiert. De Georg Pazderski selwer huet net un der Verhandlung deelgeholl. De Riichter huet kloergestallt, datt de Politiker keng Vermuddung geäussert huet a sech domat och net dorop beruffe kéint, selwer en “Laien” ze sinn, well Migratioun a Flucht e politescht Thema sinn.

“Et ass systematesch, wéi AfD-Politiker*innen ëmmer erëm Onwourechte vu sech ginn, fir d’Gesellschaft ze splécken an den Haass tëscht de Mënschen ze fërderen. Et ass wichteg, sech ze wieren, well fir Sea-Eye engagéieren sech méi wéi 700 Mënsche bundeswäit. Mat dëse Verbreedunge vu Lige gëtt hier Sécherheet gefäerdet”, seet den Gordon Isler, Virsëtzende vu Sea-Eye e.V.

“Mir gesinn dat eben anescht”,esou den Affekot vum Georg Pazderski. Ausserdeem huet hien de Gordon Isler gefrot, wéi een den Numm “ALAN KURDI” iwwerhaapt richteg ausschwätzt.

Sollt de Georg Pazderski seng Behaaptung widderhuelen, dreet him eng Geldstrof bis zu 250.000 Euro. Och d’Käschte vun der Verhandlung muss hie selwer droen. Des weideren huet d’Geriicht kloergestallt, datt e Beruffspolitiker eng erhéichte Flicht huet, d’Richtegkeet vu sengen Texter ze iwwerpréiwen. Dogéint huet hie verstouss. Mee ob hien dëst Uerteel akzeptéiert oder a Beruffung geet, bleift ofzewaarden.

Illustratioun: © Bruce Mars / unsplash

Related topics AFD-Politiker, Faschist, Georg Pazderski, Geriichtsurteel, Nazi, Sea-Eye e.V.
Next post Previous post