D’Afe si lass

Den haitegen Dënschdeg ass den Éierendag fir d‘Afen. Domat sinn elo keng Tutebattien vun dobausse gemengt, mee Gorillaen, Orang-Utans, Kapuzinerafen – an all weider Aart. Obwuel, well d’Afen an d’Kategorie Primate gehéieren, kéinte mir Mënschen eis awer ugeschwat fillen.

Dësen Dag gouf vun zwee Konschtstudenten a Kënschtler am Joer 2000 aus den USA an d’Liewe geruff. Et war eigentlech eng einfach Zeechnung, déi deen een, deem aneren a säin Agenda gekrozelt huet. Mat der Zäit huet sech dëst dunn verselbststännegt.

Leider ass d’Resonanz nach net esou grouss, datt den Dag offiziell unerkannt ginn ass. Dat läit warscheinlech dorunner, datt de Spaassfaktor ze grouss ass – an ze wéineg un d’Déiere geduecht gëtt. Et geet nämlech och drëms „sech zum Af ze maachen“. Dës kënnen upake wat si wëllen, sech ongenéiert krazen a bei Gefor séier op Beem kloteren.

Allerdéngs huet den Dag schonn esou vill Popularitéit erreecht, datt d’Kinospremiere vum berüümte Film King Kong genee op de 14. Dezember geluecht ginn ass.

Et gi vill Méiglechkeeten sech Gedanken iwwert dësen Dag ze maachen. Esou wéi d’Verhalensfuerscherin Jane Goodall, déi sech fir de Schutz vun dëse Primaten asetzt. Och Déierenorganistatiounen notzen de 14. Dezember mëttlerweil fir iwwert dës aussergewéinlech Déieren opzeklären.

D’Erziele vun hirer Geschicht schäerft d’Bewosstsinn fir d’Geforen, deenen dës Déieren ausgesat sinn. Esou kann och op d’Déiererechter an d’Evolutioun am Allgemengen opmierksam gemaach ginn. Och d‘Afen liewen duerch ënnerschiddlech Ëmstänn, ewéi zum Beispill d’Ofholzung vun de Bëscher a bedreete Liewensraim. Dës weidere sinn si dacks d’Sensatioun am Zoo – an do gehéieren si definitiv net hin.

Dernières nouvelles