Search

You may also like

Ligue Médico-Sociale: Telefonsdéngscht „Info-Maman“ 22 00 99 88
Business Neiegkeeten

Ligue Médico-Sociale: Telefonsdéngscht „Info-Maman“ 22 00 99 88

D‘Ligue Médico-Sociale huet e Freideg säin Informatiouns-Service fir jonk Mammen

FSC: Eng Analys zum Lëtzebuerger Holz
Business Neiegkeeten

FSC: Eng Analys zum Lëtzebuerger Holz

No enger nationaler Risikoanalys (NRA), déi vum Forest Stewardship Council

Remise vum Dafschäi vum Rousestack Pierre d’Aspelt
Business Neiegkeeten

Remise vum Dafschäi vum Rousestack Pierre d’Aspelt

D’Associatioun Patrimoine Roses pour le Luxembourg a Gaart an Heem

Sensibiliséierungscampagne fir d‘5G-Reseauen

Sensibiliséierungscampagne fir d‘5G-Reseauen

Mat der Aféierung vun der 5G (esou déi geleefeg Bezeechnung fir déi nei Generatioun vun der neier mobiller Kommunikatioun) si vill Froen opkomm. Dës nei Generatioun vun der zellularer Kommunikatioun, déi de 4G ofléist, schéngt ee Quell vum Mëssverständnes ze sinn.

Fir deem ze begéinen, huet de Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST), a Kollaboratioun mam Déngscht vun de Medien an de Kommunikatiounen (SMC) decidéiert eng Plattform zur Sensibiliséierung op d‘Bees ze setzen. Heibäi geet an éischter Linn drëms, all déi Technologien, déi sech hannert dem 5G verstoppen, virzestellen an ze erklären. Zousätzlech dozou, ass et d‘Absicht dës komplex Welt vun der 5G, engem gréissere Public zougänglech ze maachen.

Sozioekonomesch interessant

Wien dem franséischen an/oder dem englesche mächteg ass, fënnt ënnert „5G-Planet“ ganz vill nëtzlech Informatiounen, déi d‘Bedenke géintiwwer dësem System lëfte sollten. Dëse Projet huet zum Zweck eng numeresch Kopie vun der 5G-Infrastruktur vu Lëtzebuerg ze sinn. Unhand senger Notzung, senge Kapassitéite wéi senge Grenzen, a vill aneres méi, soll de Bierger all erkläert ginn.

D‘Zil vu „5G-Planet“ ass et d‘Erfarung vum LIST bezunn op d‘Planung an d‘Konzeptioun vun de 5G-Reseauen ze deelen. Déi konnektéiert mobil Applikatiounen an intelligent Transportsystemer – déi Deel vu weidere villverspriechend Notze vun der 5G, aus sozioekonomescher Siicht, sinn – gi besonnesch berécksiichtegt, och wa villes wuel eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt wäert zum Droe kommen. Dat war sjo schonn esou och de Fall bei der 4G, d‘Entwécklung nawell Komplex.

Et ass och ee Wirtschaftsfacteur

Fir de Sébastien Faye, Projet-Chef am Departement „IT fir innovativ Déngschter“ (ITIS) stellt dozou fest, datt et eng zolidd Erausfuerderung ass dat ganzt Potential ze notzen, mee wann et geléngt géifen sech konsequent ekonomesch Avantagen erginn. Dat beispillsweis bei der Mobilitéit. Och de Projet 5G-Planet selwer wëll sech op d‘Expertise vum LIST bezéien, fir ee System unzebidden, deen hëllefe kann/soll Applikatiounen am Mobilitéitskontext ze entwerfen a schafen.

Illustratioun: © LIST

Next post Previous post