„Affichons l’égalité“ – D’Stater Stroossen droen elo méi weiblech Nimm

Kennt Dir schonn d’Helen Buchholtz, d’Lise-Rischard-Meyer oder d’Lily Unden? Dës Fraen sinn duerch hir bemierkenswäert Leeschtungen opgefall. Si an hir Geschichten droen an der Stad Lëtzebuerg elo en Deel zur Gläichstellung tëscht Fraen a Männer bäi.

Esou huet de Stater Gemengen- a Schäfferot, zesumme mat der Konsultativkommissioun fir d’Geschlechtergläichheet vun eiser Haaptstad haut siwe Placken mat weibleche Stroossennimm presentéiert, déi temporär eis bekannte Stroossen a Plazen ëmbenennen, respektiv déi majoritär männlech Nimm completéieren.

D’Rue Beaumont heescht ab haut och Rue Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer (1929-19999), d’Kapuzinerstrooss ass an d’Rue Elsy Jacobs (1933-1998) an d’Poststrooss an d’Rue Helen Buchholtz (1877-1953) ëmbenannt ginn.

Affichons l'égalité
© VDL

Dobäi kënnt d’Rue Joséphine Jacquemart-Jaans (1890-1988), virdrun d’Rue Genistre. D’Groussgaass dréit elo zousätzlech den Numm Rue Lise Rischard-Meyer (1868-1940), wärend d’Avenue de la Porte Neuve elo och Avenue Liliane Thorn-Petit (1933-2008) heescht. Ma, d’Plëss dréit ab elo och den Numm Place Lily Unden (1908-1989).

Duerch dëse Projet, dee bis den 31. Mäerz 2022 ze gesinn ass, verfollegt d’Stad Lëtzebuerg d’Zil eng méi gläichgestallten Zukunft ze schafen an en Zeeche géint Diskriminatioun ze setzen. A well opgefall ass, dat op nationalem Niveau déi meescht Stroosse männlech Nimm droen, soll esou de Fokus op Fraen geluecht ginn, déi an de verschiddenste Beräicher d’Ielebéi rausgefuer, Asaz, Kompetenz a Genialitéit bewisen hunn.

Affichons l'égalité
© VDL

Dëse siwe Fraen, déi symbolescht fir dat weiblecht Geschlecht am generelle stinn, soll méi Visibilitéit an der Ëffentlechkeet geschenkt ginn. Méi iwwert hiert Liewen an hir Leeschtunge gitt Dir op www.vdl.lu gewuer.

Dernières nouvelles