Search

You may also like

Auslännerwahlrecht: d‘ASTI gëtt keng Rou!
International Neiegkeeten

Auslännerwahlrecht: d‘ASTI gëtt keng Rou!

Wann de Referendum vun 2015 och en zimlech „eendeitegt“ Resultat

Zuchongléck an Norditalien: Dosende Mënsche blesséiert
International Neiegkeeten

Zuchongléck an Norditalien: Dosende Mënsche blesséiert

Op der Streck tëscht Lodi a Salermo ass haut de

Vandalismus zu Miedernach – D‘Police sicht no Zeien
International Neiegkeeten

Vandalismus zu Miedernach – D‘Police sicht no Zeien

An der Nuecht vum 22. op den 23. Januar hunn

Afghanistan ass net sécher – Lëtzebuerg verweigert gläichzäiteg d’Asyldemanden

Afghanistan ass net sécher – Lëtzebuerg verweigert gläichzäiteg d’Asyldemanden

Mam Ofzéie vun den amerikaneschen Truppen aus dem Afghanistan huet d’Situatioun sech weiderhi verschlechtert. Et ass alarméierend wéi sech d’Onsécherheeten am Land sech héichschaukelen.

Wéi wann dat nach net genuch Misär wier, erkläert d’Asbl Passerell, datt 61% vun den Asyldemanden hei zu Lëtzebuerg verweigert ginn. An hirer Heemescht ass net méi sécher. Wäerten d’Taliban nom Ofzuch vun den Amerikaner d’Muecht iwwerhuelen, d’Land terroriséieren, Angscht a Schrecke verbreeden? „D’Fro ass net méi, ob d’Taliban d’Muecht ergräifen wäerten, mee wéi si et maachen“, schreift d’Associatioun.

Wat kënnt nach op dës Mënschen duer?

Den afghaneschen Territoire befënnt sech zur Zäit an engem gewaltsamen Zesummeliewen tëscht den Taliban an der regulärer Arméi, Ziviliste sinn onsécher, kee weess, wat d’Zukunft bréngt. Et gesäit schlecht aus, den Zougang zu Bildung, Fraerechter an Hoffnung op eng besser Zukunft gëtt bedreet.

Eleng e Samschdeg, den 8. Mee si méi wéi 85 Mënschen ëm d’Liewe komm. Méi wéi 150 goufe blesséiert, déi Meescht dovunner si Jugendlecher. Dëse brutalen an onnéidegen Ugrëff huet sech géint eng Meederchersschoul geriicht, dës gëtt haaptsächlech vun der Hazara-Minoritéit besicht.

Frankräich huet well op déi kritesch Situatioun reagéiert a 600 afghanesch Kollaborateuren, déi mat Frankräich kooperéiert hunn, zeréckgeholl. Och Australien huet op d’Spannunge reagéiert an d’Ambassade bis op Weideres zougemaach.

D’Schutzquot vun den Afghanen zu Lëtzebuerg

Déi chaotesch Situatioun an Afghanistan ass och hei zu Lëtzebuerg gutt ze erkennen. Bal jiddwereen (90%) huet internationale Schutz accordéiert kritt. Dëst ass zanter dem Januar 2018 méiglech, am deem Joer huet dat lëtzebuergescht Verwaltungsgeriicht entscheet, datt ondifferenzéiert Gewalt duerch bewaffent Konflikter an Afghanistan unerkannt gëtt.

Nodeems Afghanistan 2019 keng Verbesserungen a Saache Sécherheets opweise konnt, huet den zoustännege Minister fir Asyl ugefaangen, zuelräich Asyldemanden ofzeleenen.

Am Joer 2020 war et dunn esou wäit – mat 61% Verweigerungen ass een um Héchstpunkt ukomm. Dobäi muss e bedenken, datt am Joer 2019 nëmme 7% verweigert goufen. 2018 waren et guer keng. Dat ass nawell e brutaalt Virgoen.

Afghanistan ass net sécher

An d’Verwaltungsgeriicht geet nach e Schrëtt weider. Mënsche ginn zeréck an Afghanistan geschéckt. Dobäi betount d’Geriicht awer, datt sech d’Lag an Afghanistan nach net stabiliséiert huet an datt an de leschte Joren nach vill Attacke stattfonnt hunn. Dës hunn zu villen Doudesfäll a Verletzunge gefouert. Mee – natierlech kënnt nach ee mee – d’Situatioun wär nach net sou schlëmm, datt et net duergeet fir Bierger aus dësem Land automatesch en subsidäre Schutz zu garantéieren.

„Hypothetesch Ängschte kënnen d’Zouerkennung vum Flüchtlingsstatus net unerkennen.“ Un dëser widderspréchlecher Entscheedung musse sécherlech nach vill Mënsche leiden.

Vill afghanesch Bierger, déi zu Lëtzebuerg wunne maachen sech Suergen, ëm sech an ëm hier Kanner. An hunn Panik. Si rennen d’Büroen an, an der Hoffnung berouegt ze ginn. Datt dat alles just e béisen Dram ass. Déi batter Wourecht ass, datt den Uerder hiren Exil ze verloosse ganz kloer ass.

De Risiko, datt dës Mënschen no hirem Exil nach méi verfollegt a bedreet ginn, ass ganz grouss. Erfarungen aus anere Staaten hunn dëst well bestätegt.

Mat dëser Methodik gëtt genee de Géigendeel vun der Genfer Konventioun erreecht. An elo? Wien fillt sech fir dëst Ongläichgewiicht zoustänneg? Oder gëtt just nogekuckt?

Opmaacherbild: © Hugo Jehanne / unsplash

Related topics Afghanistan, Asylpolitik, Attack, Demande no internationalem Schutz, Doudeger, Flüchtlingen, Ofzéien vun den Truppen, Passerell Asbl, Taliban, Verwaltungsgeriicht, Verweigerung, Zaldoten
Next post Previous post