De Stater Maart plënnert!
Ab dem 13. Januar 2021 wäert de Stater Maart net
Ab dem 13. Januar 2021 wäert de Stater Maart net
No de schrecklechen Onwieder vun 2018, bei deene vill Leit
Moskau huet eng Rumeur bestätegt, laut där de nordkoreanesche President,
Um 12. September 2020 ass e wichtege Schrëtt zum Opbau vu Fridden tëscht der afghanescher Regierung an den Taliban zu Doha gemaach ginn. D’Gewalt a brutal Attacken säitens den Taliban hunn trotzdeem zougeholl, wouduerch de Minister Asselborn eng global a bedéngungslos Wafferou fuerdert. Generell missten déi demokratesch Errongenschafte méi staark geschützt a verdéift, gläichzäiteg awer och d’Rechter vun de Fraen gefërdert ginn.
Bei dëser internationaler Konferenz, déi vu Finnland, dem Afghanistan an de Vereenten Natiounen organiséiert ginn ass, gouf d’Lëtzebuerger Solidaritéit kloer ervirgehuewen. „Als zouverlässege laangen Donateur wäerte mir eis weiderhin engagéieren fir Afghanistan an dësem kruziale Moment Hëllef ze bidden“, sou eisen Diplomat. Dobäi verfollegt ee kloer déi 3 D’en: „diplomacy, development, defense“ (iwwersat: Diplomatie, Entwécklung, Verdeedegung).
Méi wéi 90 Länner, sou wéi international Organisatiounen an Agencen hunn un dësem wichtegen, dës Kéier digitalen Evenement deelgeholl, fir dat gemeinsamt Zil – de Fridden am Afghanistan – ze diskutéieren. Nieft de Versprieche vu finanzieller Ënnerstëtzung gouf eng gemeinsam politesch Deklaratioun ugeholl an eng nei Hëllefsarchitektur erstallt, an där déi genee Investissementer vun den internationale Partner fir d’Zukunft festgehale sinn.