Search

You may also like

Feldhockey boomt!
International Neiegkeeten

Feldhockey boomt!

Zënter 2015 huet Feldhockey en exzellente Ruff hei am Land

Konferenz vu Bahrain: USA halen u Friddenspläng fest
International Neiegkeeten

Konferenz vu Bahrain: USA halen u Friddenspläng fest

Zu Manama, der Haaptstad vum Bahrain, huet gëschter de Jared

25 Joer MEGA – Eng digital Party vun der Geschlechtergläichheet!
International Neiegkeeten

25 Joer MEGA – Eng digital Party vun der Geschlechtergläichheet!

Am Mee 1995 ass den éischte Schrëtt fir den haitege

Afghanistan: Kann et Fridde mat den Taliban ginn?

Afghanistan: Kann et Fridde mat den Taliban ginn?

D‘USA haten, zu Zäite wou d‘Russen aus dem Afghanistan e Satellittestaat maache wollten, den Taliban gehollef den „Okkupant“ ze verdreiwen. Virun eppes méi wéi 18 Joer sinn d‘Amerikaner selwer amarschéiert a ware verwonnert, datt si bei den Taliban op Widderstand gestouss sinn…

An de leschte Wochen huet et tëscht den USA an den Taliban widderholl treffe ginn, fir en Auswee aus dem Konflikt ze fannen. Wéi den Donald Trump et gëschter bestätegt huet, wier en Accord mat den ultrareliéisen Taliban méiglech a kéint schonn an den nächsten Deeg ratifizéiert ginn. Dat ass déi logesch Suitte vun der vereenbaarter Deseskalatioun an der leschter Woch.

TalibanEng Woch déi vu Washington als Testphas betruecht gouf. Déi wier zur Zefriddenheet vu béiden Acteure verlaf firwat een elo zum Ofschloss vun engem Ofkommes kann iwwergoen. Den Donald Trump huet erkläert, datt den Ausseminister Mike Pompeo un dëser Zeremonie soll deelhuelen an de Verdeedegungsminister Mark Esper soll mat der afghanescher Regierung eng Erklärung ofginn.

Ob et zu Doha schonn zur Ënnerschrëft komm ass, wéi dat vum Wäissen Haus ugekënnegt ginn ass, ass zur Stonn nach net gewosst. Et wier awer sécherlech ee grousse Schratt, wann no gutt 18 Méint laange Verhandlungen ee brauchbart Resultat opzeweise wier. Beim „Deal“ mat den Taliban geet et dem US-President an éischter Linn drëms, dee längste Krich an der US-Geschicht ze beendegen.

Taliban

Gëschter am spéiden Nomëtteg zu Doha (Katar): D‘Taliban kucken sech d‘Virlag vun deem vun den USA virgeluechten Accord ganz genee un. © Afghan Islamic Press

Dat awer geet nëmmen, wann d‘USA vun den Taliban Garantie kréien, datt d‘Land kee sécheren Hafe méi fir Terroristen ass. Am leschte wéi am lafende Wahlkampf huet den Donald Trump senge Landsleit versprach, an d‘Truppen nees heem ze bréngen. Wann dat mat der „Ënnerschrëft“ klappt, kéint de Locataire aus dem Wäissen Haus ee weidert „Verspriechen“ aléisen.

Interessant: während der ganzer Phas vun der Deseskalatioun hu sech am Land seelen Zeenen zougedroen. Am der Regioun Kundus hunn d‘Taliban traditionell Kampf- a Reit-Spiller organiséiert an zu Kabul konnt de Generol Austin Scott Miller ouni Schossvest an Helm, awer mam Klabes un der Säit, duerch d‘Chicken Street trëppelen ouni dobäi beschoss ze ginn… ausser vun Handyen

Taliban

Ass ee Friddensaccord tëscht den USA an de Taliban och am Sënn vun der Regierung? A kann sech déi un der Muecht hale wann den Donald Trump seng Truppen ofgezunn huet? Eng Äntwert dierft net laang op sech waarden doen. © Afghan Islamic Press

Dat alles kléngt gutt a sécherlech ass et dat och. Woubäi sech vill Froen opdinn. Esou ass vu kenger Säit annoncéiert ginn, wéi déi zukünfteg Cohabitatioun tëscht „Regierung“ an den Taliban kann a soll ausgesinn. d‘Taliban hunn eng kloer reliéis Ausriichtung, Fraen hu keng Rechter an d‘Gesetz ass d‘Sharia. Mee dat si Froen déi sech d‘Afghanen elo wäerte selwer beäntwerte mussen.

mat indymedia/tlv/was/doh

Foto: D‘Taliban hu géint d‘Welt gekämpft an duerchgehalen, si kënnen hir ancestral Liewensweis behalen a wäerten iwwer kuerz oder laang och nees d‘Muecht am Land iwwerhuelen. War dat den Dout vun dausende Mënschen an iwwert eng Billioun US-Dollar wäert? © Sami Paiwand

Related topics Afghanistan, Donald Trump, Friddenserklärung, Friddensverhandlungen, Mike Pompeo, Taliban
Next post Previous post