Search

You may also like

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“
International Neiegkeeten WTF

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“

Datt den amerikanesche President sech der Welt iwwer Twitter matdeelt,

Gepudderzockert – Andréck vu Randschelt
International Neiegkeeten WTF

Gepudderzockert – Andréck vu Randschelt

Nodeems gëschter de ganzen Dag iwwer Schnéi gefall ass, si

Äddi Führerschäin!
International Neiegkeeten WTF

Äddi Führerschäin!

Et ass esou onverständlech wéi onverstänneg, mee et gëtt anscheinend

surprise

Afghanistan verbitt de Fraen d‘Sangen

Afghanistan verbitt de Fraen d‘Sangen

Den Educatiounsministère am Biergerkrichsland huet beschloss, dat Fraen ab dem 12 Liewensjoer net méi an der Ëffentlechkeet sangen dierfen, net emol Nationalhymn (ausser et si keng Männer do) an et zukünfteg strengstens verbueden ass Unterrecht bei männleche Museksproffen ze huelen.

Nee dës Decisioun gouf net vun den Taliban geholl, mee et ass dovunner auszegoen, datt dat wat sech versicht als Regierung opzespillen, hinnen hei ganz kloer a bewosst Zougeständnesser mécht. Déi solle jo bekanntlech am Kontext vum Friddensplang un der Regierung bedeelegt ginn. Zudeem muss hinnen ee gewëssenen Undeel u Parlamentarier zougestane ginn, déi si selwer bestëmmen.

De Jean Asselborn (LSAP) als eisen Ausseminister war scho laang net méi am Afghanistan, setzt sech awer onermiddlech fir „Fridden, Wuelstand an Autonomie“ an. Gutt hie fuerdert och eng global a bedéngungslos Wafferou… Bei der Afghanistan-Konferenz am Hierscht huet hie sech fir demokratesch Errongenschaften an d‘Rechter vun de Fraen agesat. Käschtepunkt: 2,5 Mio Euro…

An elo dann d‘Meldung, datt déi afghanesch Regierung d‘Konditioun vun der Fra op Hausdéier-Niveau reduzéiert. Si beschtefalls nach d‘Recht hunn sech selwer als „Gebrauchsgéigestand“ ze gesinn. Nei ass de Verbuet us ech allerdéngs och net. D‘Taliban, déi an den 90er un der Muecht waren, hate Musek an Danz generell verbueden. D‘Rechter vun de Frae goufe gänzlech ausgesat.

Zanter der Afghanistan-Konferenz am November huet sech d‘Situatioun fir d‘Fraen am Land ganz dramatesch verschlechtert. De stännege Konflikt, d‘Attentater an eng international Gemeinschaft, déi mëttlerweil net emol méi déi geziilten Attacke géint Fraerechtlerinne veruerteelt, bitt de Frae keng Perspektiven. Hei sollen d‘Rechter vun de Fraen engem Friddensaccord geaffert ginn.

Datt de Fridden, esou wéi et déi westlech Marionett a fréiere President Hamid Karzai versteet, iwwer den Interesse vun eenzelen an/oder Minoritéite stoe muss, net mat enger reliéis gepräägter Staatsféierung ze sécheren ass, schéngt net ze stéieren. Bleift ze hoffen, datt déi 2,5 Milliounen Euro Entwécklungshëllef aus Lëtzebuerg nach net iwwerwise goufen…

mat indymedia/tlv/nyc

Illustratioun: Fir déi gottesfierchteg Taliban ass Musek a Gesang d‘Wierk vum Däiwel, an d‘Fra als Wiese beschtefalls dem Véi gläichzestellen. © Phil Henry / unsplash

Related topics Afghanistan, Fraerechtlerinnen, Gesang, Mënscherechter, Musek, Taliban
Next post Previous post