Search

You may also like

Studentefoire 2021: Digital Woch mat engem physeschen Dag um Belval virgesinn
Meenung Neiegkeeten

Studentefoire 2021: Digital Woch mat engem physeschen Dag um Belval virgesinn

Wéi och schonn am leschte Joer wäert d’Studentefoire 2021 erneit

Et waren nees Brigangen ënnerwee
Meenung Neiegkeeten

Et waren nees Brigangen ënnerwee

E Bléck op déi jéngst Berichter vun eiser Police, a

Annexe22: Wann d’Stäre vum Himmel falen
Meenung Neiegkeeten

Annexe22: Wann d’Stäre vum Himmel falen

Bis den 12. Juni inclus hëlt d’Lëtzebuerger Artistin Sali Muller

Afghanistan – wat elo?

Afghanistan – wat elo?

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) ass zudéifst betraff vun deem Leed, wat an dësen Deeg am Afghanistan ausbrécht. Mir ënnerstëtzen d’Ustrengungen dëst Leed ze verréngeren am dem Land eng Chance op eng besser Zukunft ze ginn.

D’Betraffenheet soll eis awer net drun hënneren, no den Ursaache fir dëst Desaster ze sichen an dorausser Lektioune fir d’Zukunft ze zéien.

40 Joer Krich

Am Hierscht 2001 hunn Zéngdausende vu Mënschen op der Welt géint d’US-Interventioun am Afghanistan protestéiert. Zu Lëtzebuerg waren den 1. Dezember 2001 iwwer 100 Mënschen op der Plëss. Aus dëser Mobiliséierung ass d’Friddensinitiativ entstanen – de Virgänger vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL). Schonn deemools war offensichtlech, datt de Krich keng Léisung ass, weder fir d’terroristesch Bedreeung, nach fir d’Lag vun de Mënschen am Land.

Dat zentralasiatescht Land gouf deemools vun den islamisteschen Taliban kontrolléiert, déi als Gewënner aus dem Biergerkrich vun 1989 bis 1996 ervirgaange sinn. Virdrun, 1979 war Afghanistan vun der Sowjetunioun besat. Dës sot, si géingen d’Fräiheete vun der laizistescher urbaner Bevëlkerung géint déi islamistesch Bedreeung schützen. Deemools war et de “fräien” Westen, den 10 Joer laang déi dschihadistesch Guerilla mat Waffen a Propaganda ënnerstëtzt huet.

Fir Mënscherechter

De plëtzlechen Ofzuch erënnert a villem un de chaoteschen US-Ofzuch aus Südvietnam am Ufank vun de 70er Joren. Deen gouf allerdéngs “schonn” no zéng aplaz no zwanzeg Joren beschloss. Datt dës Kéier den Androck entsteet, déi westlech Besatzungstruppe wären déi “Gutt” ass als Propagandaerfolleg ze wäerten – d’Medien ze kontrolléieren ass leider déi eenzeg Lektioun, déi d’USA aus dem Vietnamkrich gezunn hunn.

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) appelléiert un déi zukünfteg Regierung vum Afghanistan an un d’Taliban, d’Mënscherechter ze respektéieren, zemools dat humanitäert Vëlkerrecht, wat de Schutz vun der Zivilbevëlkerung am Krich reegelt.

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg appelléiert och un d’USA, déi westlech Staaten an d’Lëtzebuerger Regierung, sech am Ëmgang mat der neier afghanescher Regierung flexibel ze weisen – am Interessi vun der Bevëlkerung. D’Vergaangenheet huet gewisen, datt Spréch wéi “Mat Terroriste verhandelt een net” näischt bréngen an datt Embargos virun allem zu méi Leed fir d’Zivilbevëlkerung féieren.

Lektioune fir d’Zukunft

Als Friddensbeweegung ware mir 20 Joer laang fir een Ofzuch aus dem Afghanistan – sou chaotesch hu mir eis en net virgestallt. Dëst Desaster ass d’Quittung vun zéng Joerzéngte Mësswirtschaft a Korruptioun, blanner Militärlogik sou wéi dem Versoe vun der Koordinatioun vun den “dräi D” (Development, Diplomacy, Defense).

An dësem Kontext fuerdert d’FSPL:

  • Aplaz Krokodilstréinen iwwert d’Schicksal vun den internationale Strukturen, Employéeën an der gesamten afghanesche Bevëlkerung ze kräischen, soll de Westen, zemools d’EU eng breet an onkomplizéiert Opnam vu Flüchtlingen aus dem Afghanistan decidéieren.
  • Sämtlech militäresch Missioune mussen iwwerduecht ginn, et soll mat alle Konfliktparteien verhandelt ginn, den Ofzuch vun den Ad-hoc-Missioune vun den USA an der Nato mussen eventuell a reng UN-Missioune gewandelt ginn.
  • Bei zukünftegen Diskussiounen iwwert een Agräifen a Konfliktzone mussen Diplomatie an Entwécklungszesummenaarbecht am Virdergrond stoen. Militäresch Missioune mussen enger Friddensperspektiv déngen an am Sënn vun der US-Charta an am Kader vun den UN-Strukturen duerchgefouert ginn.
  • Dës Iwwerleeunge musse vun der lëtzebuergescher Regierung an dem Parlament an den internationale Gremien wéi Vereenten Natiounen, Nato OSZE an déi Europäesch Unioun offensiv vertruede ginn.

Matgedeelt vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Opmaacherbild: © Andre Klimke / unsplash

Related topics Afghanistan, Flüchtlingshëllef, Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg, FSPL, Krich, Leed, Lektioune fir Zukunft, Mënscherechter, Propaganda, terroristesch Bedreeung, US-Truppen, Waffen
Next post Previous post