Search

You may also like

Explosiounen am Libanon: Caritas Lëtzebuerg rifft zum Spendenopruff op
Neiegkeeten

Explosiounen am Libanon: Caritas Lëtzebuerg rifft zum Spendenopruff op

Den Dënschden 4 August, hunn zwou Explosiounen d’Stad Beirut, Haaptstad vum

Doktere vun der Welt: Grippeimpfung fir d‘Leit vun der Strooss
Neiegkeeten

Doktere vun der Welt: Grippeimpfung fir d‘Leit vun der Strooss

Wéi schonn 2016, mécht och dëst Joer keng Ausnam an

Richteg Äddi soen
Neiegkeeten

Richteg Äddi soen

Eng onëmgänglech Stuf vum Liewen ass den Dout. Och wann

Steet Afrika virun enger neier Liewensmëttelkris?

Multinationalen an der Kritik

Steet Afrika virun enger neier Liewensmëttelkris?

Nom Investisseure-Sommet zu Berlin am Virfeld vum G20 zu Hamburg stellen dräi ONG’en d’Liewensmëttelsécherheet an Afrika a Fro. Esou sinn den Organisatioune besonnesch d’Multiplikatioun vun den „Agropoles“ iwwert den Investissement vu grousse Landwirtschaft-Multinationalen, déi vu fiskale Virdeeler profitéieren, en Dar am A.

Zwou Klasse-Landwirtschaft

Projete wéi beispillsweis „Grow Africa“, Nei Allianz fir Liewensmëttelsécherheet an Ernärung (NASAN) asw, féieren derzou „eng zwou Klasse-Landwirtschaft ze promovéieren, wat déi national an international Investisseure favoriséiert, dat zum Nodeel vun de Familljebetriber, déi Afrika ernären“, ënnersträichen ACF (Action Contre la Faim), CCFD Terres Solidaires an OXFAM Frankräich. Dat an engem Rapport, dee virum G20 zu Hamburg verëffentlecht ginn ass.

D’Agropoles, déi et op landwirtschaftlech Beräicher ofgesinn hunn, déi héich Erträg verspriechen, si predestinéiert internationaalt Kapital unzezéien. Fir d’Attraktivitéit ze erhéije gëtt et hei erliichtert Reglementéierungen, déi sech esou wuel um legislativen Niveau ofspillen, mee och a Form vu Steiervirdeeler an niddregen Douaneskäschten duerstellen. Doriwwer eraus kréien dës Mäert eng substantiell Hëllef vun internationalen Institutioune wéi der Weltbank oder der afrikanescher Entwécklungsbank (BAD).

No der grousser Kris vun 2007/8 wou d’Präisser vun de landwirtschaftleche Produiten an d’Gette gaange sinn an den sech uschléissenden Hongersopstänn uechter Afrika, waren dës „Agropoles“ an d’Liewe geruff ginn, fir d’Landwirtschaft an Afrika ze entwéckelen. Et war geduecht ginn ëffentlech-privat Partnerschaften op d’Been ze stelle fir déi lokal Betriber ze stäerken, sief et als Kooperativen oder Produktiounsgesellschaften déi der Hongersnout entgéint wierke sollen.

Alles fir de Profit?

Mir militéiere scho laang fir Buedemreformen an Steiererliichterungen zum Virdeel vun der afrikanescher Landwirtschaft, mee mer musse feststellen, datt hei eng Logik verfollegt gëtt, déi haaptsächlech de Konzerner a Multinationalen zerguttst kënnt amplaz de Baueren. Si kréien hir Lännereien ofgeholl an ganz Communautéite gi verjot“, seet d’Maureen Jorand, vun CCFD Terres Solidaires.

D’Landwirtschaft ass kee Geschäft wéi en anert, se ass liewenswichteg fir ee Kontinent wou ee véierels vun de Mënschen Honger leiden an wou verschidde Länner eng Steigerung vun der Liewensmëttelkris bis zum Enn vum Summer mussen erwaarden“, esou d’Maureen Jorand weider.

D’Landwirtschaft ass kee Geschäft wéi en anert, se ass liewenswichteg fir ee Kontinent wou ee véierels vun de Mënschen Honger leiden

Maureen Jorand, vun CCFD Terres Solidaires

D’ONG’en hunn esou 43 Gebitter oder Projeten an 24 Länner vun der Subsahara-Zon identifizéiert, déi vun de genannten Institutiounen ënnerstëtzt ginn. „D’Leit op der Plaz ginn ausgeschloss, verléieren hiert Akommes. D’Länner selwer verléieren hir Investissementkapassitéit an deem se grouss Steiererliichterungen zougestinn, mee an Stroossen- an Kommunikatiounsinfrastrukturen investéiere fir de Multinationalen d’Installatioun vu Groussbetriber ze erliichteren“, erkläert d’Maureen Jorand.

Dobäi ass längst gewosst, datt déi Projete ganz staark un den Export ugebonne sinn an net virrangeg fir de lokale Maart geduecht sinn. Esou beispillsweis zwee „Agropoles“ am Gabun déi vun der Regierung mam Grupp OLAM aus Singapur entwéckelt gi sinn. Hei gëtt exklusiv Palmenueleg fir den internationale Marché produzéiert, während d’Bierger ënnert enger Deierecht vun de Liewensmëttelpräisser leiden.

De Rapport steet dann och an enkem Zesummenhang mam Opruff vun der däitscher Kanzlerin, déi nach um Méindeg zu Berlin méi Investissementer an Afrika gefuerdert huet. Si ass iwwerzeegt, datt eng wirtschaftlech Entwécklung derzou ka bäidroen d’Mënsche vun der Immigratioun Richtung Europa ofzehalen.

mat AFP

Foto © William DUPUY/CCFD-Terre Solidaire/picturetank

Related topics Afrika, G20
Next post Previous post