Search

You may also like

LGX 2019: Eng „Convention“ vun de Superlativer
Neiegkeeten

LGX 2019: Eng „Convention“ vun de Superlativer

Et ass elo offiziell. „LGX – Luxembourg Gaming Experience“ bereet

Patiente fuerdere vun de „wäisse Gëtter“ méi Transparenz
Neiegkeeten

Patiente fuerdere vun de „wäisse Gëtter“ méi Transparenz

De leschten Donneschdeg huet d‘Asbl Patiente Vertriedung säi Joresbericht fir

EU-Wahlen 2019: Facebook wëll nei Reegele fir d‘Wahlwerbung aféieren
Neiegkeeten

EU-Wahlen 2019: Facebook wëll nei Reegele fir d‘Wahlwerbung aféieren

De Bedreiwer vum gréisste Sozialnetzwierkreseau op der Welt, wëll virun

Afrikanesch Schwéngspescht: En alternativen Tracé fir d‘Clôture!

Afrikanesch Schwéngspescht: En alternativen Tracé fir d‘Clôture!

Sech de Gefore vun der afrikanescher Schwéngspescht stellen, se eescht huelen, a Moossnamen ergräifen, dat ass d‘Gebuet vun der Stonn, och wann de Problem selwer säit dem Hiecht lescht Joer Bestand huet, wat och um Krautmaart schonn Diskussioune mat sech bruecht huet.

An engem Pressecommuniqué deelt d‘Gemeng Käerjeng mat, datt no der ëffentlecher Reunioun mat de Baueren, Grondbesëtzer an Awunner, vum 4. Abrëll am Festsall zu Kënzeg, bei där et ëm d‘Konstruktioun vun enger Clôture geet, mat där soll verhënnert ginn datt Wëllschwäi souzesoen „illegal“ iwwert d‘Grenz awanderen, an esou de Virus vun der afrikanescher Schwéngspescht an d‘Land aféieren.

An dësem Kontext sinn eng Rei alternativ Tracéen op der Käerjenger Gemeng hannerluecht ginn. Fir deem Rechnung ze droen, a mam Averständnes vun de betraffene Proprietairen, huet d‘Gemeng een alternativen Tracé virgeschloen. Dësen huet den Avantage:

  • vill méi no un der Grenz zur Belsch geleeën ze sinn;
  • d‘gemeng Péiteng an déi lafend Reflexiounen anzebannen;
  • déi sougenannte „Wäiss Zon“ ze reduzéieren;
  • deels d‘Gebitt vu Kënzeg ze ëmgoen;
  • d‘Dierfer Kënzeg an Lénger aus der wäisser Zon auszeschléissen;
  • nëmmen iwwert déi Terrainen ze féiere wou d‘Proprietairen hiren Accord ginn hunn.

Dës Propose ass um haidege Méindeg un de Koordinator vum Landwirtschaftsministère fir de Kampf géint déi afrikanesch Schwéngspescht, Félix Wildschütz, an den Direkter vun der Stroossebauverwaltung, Roland Fox an engem Vertrieder vun der Lëtzebuerger Arméi gaangen.

Säitens der gemeng Käerjeng gëtt drop higewisen, datt de proposéierten Tracé vun de staatleche Stelle positiv ugeholl ginn ass. D‘Gemeng weist dann nach emol ausdrécklech drop hin, datt si hir Ënnerstëtzung ugebueden huet, wat d‘Sich no Léisunge betrëfft, déi de Contournement vum Duerf Kënzeg kënne méiglech maachen.

Foto: Andreas N / Pixabay

Related topics Afrikanesch Schwéngspescht, Käerjeng, Kënzeg, Landwirtschaftsministère, Lénger, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post