Search

You may also like

Covid-19: Wat spillt Frankräich fir ee Spill?
Neiegkeeten

Covid-19: Wat spillt Frankräich fir ee Spill?

En Donneschden, 25. Februar 2021 huet déi franséisch Regierung sech

Dem Kim Jong-un seng nei Spillsaach
Neiegkeeten

Dem Kim Jong-un seng nei Spillsaach

Laut de „Kolleege“ vun der staatlecher Noriichtenagence KCNA, huet Nordkorea

money
Lëtzebuerg Privat iwwert dem Xavier seng Koks-Ofhängegkeet (Kommentar)
Neiegkeeten

Lëtzebuerg Privat iwwert dem Xavier seng Koks-Ofhängegkeet (Kommentar)

Dem Jean Nicolas säi publizistescht Flagschëff huet um Freideg mat

Käerjeng: Beweegung am Dossier afrikanesch Schwéngspescht & Zonk

Käerjeng: Beweegung am Dossier afrikanesch Schwéngspescht & Zonk

Wéi d’Gemeng Käerjeng matdeelt, huet sech de 26. Juni 2019 eppes méi am Dossier zur afrikanescher Schwéngspescht (“peste porcine africaine”) gedoen. Neiegkeete ginn et och bei der net autoriséierter Installatioun vun engem Zonk vu Lénger bis Kënzeg.

No enger Versammlung tëscht dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) an dem Käerjenger Schäfferot den 29. Mee 2019, ass de gesamten Tracé duerch eng Eenzelgeneemegung ugeholl ginn. Dëst awer nëmmen, well sämtlech Virschléi vun der Gemeng Käerjeng vum 15. Abrëll 2019 respektéiert gi sinn. Den Haaptuleies bestoung jo doran, déi sougenannt “Zone blanche” vu Lénger méi no un déi belsch Grenz ze verleeën.

De 14. Juni 2019 ass op der Käerjenger Gemeng eng Demande fir de Bau vum Zonk ukomm, op déi de Minister Schneider eng positiv Äntwert vum Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter (CSV) kritt huet. Déi staatlech Verwaltungen haten deemools, ouni eng Geneemegung bei der Käerjenger Gemeng ugefrot ze hunn, mam Opriichten vun engem Zonk ugefaangen an déi Saach – laut der CSV-Fraktioun – souzesoen iwwert de Knéi gebrach. Elo hätt dann och alles seng Uerdnung an zu Käerjeng erhofft ee sech, datt d’Aarbechte séier ofgeschloss ginn.

Afrikanesch Schwéngspescht

© Gemeng Käerjeng

Afrikanesch Schwéngspescht

© Gemeng Käerjeng

Opmaacherfoto: © Pixabay

Related topics Afrikanesch Schwéngspescht, Michel Wolter, Romain Schneider, Zone blanche, Zonk
Next post Previous post