Search

You may also like

EU: d’Reform vun den Autorerechter
International Neiegkeeten

EU: d’Reform vun den Autorerechter

D’EU vun den 28 ass um Freideg, trotz der Oppositioun

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag
International Neiegkeeten

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag

De verlängerten Aarm vun al-Quaida a Kenia, d‘al-Schabaab-Miliz, huet um

Geet d‘Fräiheet vun Hong Kong op en Enn?
International Neiegkeeten

Geet d‘Fräiheet vun Hong Kong op en Enn?

D‘Ried vum Chinesesche Regierungschef huet iwwert eng Stonn gedauert, mee

Arel: E neie Fall vun afrikanescher Schwéngspescht

Arel: E neie Fall vun afrikanescher Schwéngspescht

Wéi et eréischt gëschter offiziell gemellt ginn ass, soll den 21. Oktober am Militärlager zu Lagland (Arel) en neie Fall vun afrikanescher Schwéngspescht festgestallt gi sinn. Zu Lëtzebuerg, wou bis zum 10. Oktober 298 Wëllschwäin „ënnersicht“ goufen, ass nach kee positive Fall gemellt ginn.

D‘Analysen, déi vun eise belschen Noperen un de Schanke vun engem eelere Wëllschwäin-Kadaver gemaach goufen, sinn der kompetenter Ministesch, Céline Tellier, e Méindeg virgeluecht ginn. Bis dohinner war de leschte Fall vun afrikanescher Schwéngspescht den 11. August zu Saint-Léger notéiert ginn.

Dës Decouverte géif awer elo näischt un der Gestiounsmoossnamen, déi Ufank vum Mount geholl goufen, änneren. Et bleift weiderhin ënnersot sech an den 30.000 Hektar Bëscher vun der Gaume opzehalen. Mat dësem neie Fall – och wann d‘Béischt schonn eppes méi laang dout ass – kann also nach net vun Entwarnung rieds sinn.

An den eigentleche Problem besteet dann och doranner, dann een eréischt dovunner ausgoen dierf, datt d‘Gefor vun der afrikanescher Schwéngspescht net méi besteet, wann dee leschte Kadaver mam Virus viru mindestens 12 Méint gemellt ginn ass. Mat dësem neie Fall zu Lagland ännert sech un der Urgence also näischt.

Foto: Andreas N /Pixabay

Related topics Afrikanesch Schwéngspescht, Arel, Céline Tellier, Lagland
Next post Previous post