Coca-Cola als Sponsor vun der rumänescher EU-Presidence
Et war kengem opgefall nach net emol eis – wat
Et war kengem opgefall nach net emol eis – wat
D‘Oktave, déi eigentlech „Muttergottesoktav“ heescht, ass un a fir sech
Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am
Bei der Visitt vun den europäeschen Autoritéiten hat de Grand-Duché d’Geleeënheet dem Expert vun der Europäescher Kommissioun d’Moossnamen zur Preventioun géint d’Ausbreedung vum Virus vun der Afrikanescher Schwéngspescht ze presentéieren.
Nom Conseil vun der Regierung um 26. Abrëll sinn d’Modalitéiten zum Reduktiounsplang vun de wëlle Schwäin (mat Ëmsetzung vum Artikel 3 vun der groussherzoglecher Reglementatioun vum 29. Mäerz 2019 zu de Moossnamen zur Preventioun géint d’Aféierung an d’Ausbreedung vun der afrikanescher Schwéngspescht) festgeluecht ginn.
An dësem Kontext huet de Minister Romain Schneider drun erënnert datt d’Reduktioun vun de wëlle Schwäin dozou bäidroe sollt, de Risiko vun der Ausbreedung vum Virus zu Lëtzebuerg ze minimiséieren. Folgend zwee Zieler hat de Reduktiounsplang:
Fir d’Zieler ze erreeche sinn 2 Moossnamen an de betraffenen Zonen agefouert ginn:
An der Preventiounszon bleiwen all Bëschaarbechten, sou wéi den Accès an den Deplacement vu Persounen a Géigestänn erlaabt. An der „wäisser Zon“ gëllen déi selwecht Bestëmmungen, sou laang keen Unzeeche vum Virus festgestallt ginn ass. Zu all Moment kënnen d’Moossnamen hei verstäerkt ginn.
(v.l.n.r.) Dr. Felix Wildschutz, Direkter vun der Administration des Services Vétérinaires; Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau an ländlech Entwécklung; Dr. Laurent Schley, stellvertriedenten Direkter vun der Administratioun fir Natur a Bëscher © MA
D’Aarbechte laanscht d’Grenz
An enger Woch wäerten d’Aarbechte vum Opbau vun engem Zonk ofgeschloss ginn. Op enger Streck vun 10 km laanscht déi belsch Grenz, sou wéi an de Gemenge Käerjeng, Lénger a Stengefort bleiwe just nach wéineg Lächer, déi zougemaach ginn. Trotzdeem wëll de Minister Romain Schneider preziséieren, datt och geplangt gëtt d’Cloture laanscht d’Grenz am Norde vum Land ze zéien.
Dobäi huet hien och ervir gehuewen, datt dës Moossnamen d’Friichte vun der enker Zesummenaarbecht vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung, dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, sou wéi der Direktioun fir Verdeedegung an de Lëtzebuerger Autoritéite sinn, déi am permanente Kontakt mat den europäeschen, belschen a franséischen Autoritéite stinn.
Bei den 173 Tester u Kadavere vu Wëllschwäi sinn am Laboratoire Vétérinaie de l’État (LMVE) all Resultater negativ ausgefall. Wien ee Kadaver fënnt gëtt gebieden sech un d’Autoritéiten ënnert der Telefonsnummer 247-566 66 ze wennen. Fir weider Informatiounen zur Afrikanescher Schwéngspescht kënnt dir de Site agriculture.public.lu besichen.