Search

You may also like

Belsch: Den UN-Migratiounspakt zerrappt d‘Koalitiounsregierung
International Neiegkeeten

Belsch: Den UN-Migratiounspakt zerrappt d‘Koalitiounsregierung

De belsche Premierminister, Charles Michel, huet e Sonndeg, nodeems déi

Dyspraxie: Weder eng Behënnerung, nach eng Krankheet a scho guer keen Tabu!
International Neiegkeeten

Dyspraxie: Weder eng Behënnerung, nach eng Krankheet a scho guer keen Tabu!

Elo steet d’Schoulrentrée virun der Dier an do wäerte verschidden

Hollywood-Mogul am Mëssbrauchsskandal schëlleg geschwat
International Neiegkeeten

Hollywood-Mogul am Mëssbrauchsskandal schëlleg geschwat

Den Harvey Weinstein ass zu New York vum ieweschte Geriicht

D‘Belsch schränken d‘Reesfräiheet an

Ab dem 27. Januar sinn net wesentlech Auslandsreese fir eis belsch Nopere verbueden

D‘Belsch schränken d‘Reesfräiheet an

D‘Joer fänkt esou schlecht un, wéi dat aalt opgehalen huet. Zumindest fir eis belsch Frënn gesäit et den Ament net zefriddestellend aus. Ab dem nächste Mëttwoch sinn Ausflich a Vakanz am Ausland verbueden. Eenzeg de Wuereverkéier an d‘Grenzgänger kënnen dann nach fräi zirkuléieren.

Och bei eisen Noperen hëlt een déi neierlech Bedreeung duerch d‘Covid19-Varianten – besonnesch bezunn op déi brittesch Mutatioun B.1.1.7. – ganz eescht. De Verbuet – dee gëllt vum 27. Januar bis 1. Mäerz – ass gëschter vum belsche Premier Alexander de Croo, no der Sëtzung vum Ministerrot, erkläert ginn. Hei gouf kloergestallt, datt de Wuereverkéier an d‘Grenzgänger net ageschränkt ass.

Et ass eng Decisioun, déi an der Logik vun de Berodungen tëscht de Staats- a Regierungscheffe geleeën ass. Déi haten sech bei hirer virtueller Entrevue drop verstännegt, dat all onnéideg Reese sollten ënnersot ginn, fir eng Verbreedung vun den neie Covid19-Variatiounen ze verhënneren. Si wëllen esou verhënneren, datt d‘Infektiounszuelen no der Fuesvakanz nees dramatesch zouhuelen.

Wann et muss sinn…

An dësem Kontext hunn eis belsch Noperen nach emol virun de Gefore vun de Covid19-Mutatioune gewarnt. Si hunn zudeem decidéiert, datt fir Voyageuren aus Groussbritannien, Südafrika an/oder Südamerika méi streng Test- a Quarantainesreegele gëllen. Zur Stonn ass d‘Situatioun an der Belsch besser wéi villeruerts an Europa, an et kann ee verstoe, datt si keng Verschlechterung wëllen.

Mat Bezuch op déi vun der nationaler Agence Sciensano verëffentlechten Zuelen, goufen an de leschten zwou Wochen 247 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner registréiert. Iwwert déi lescht siwen Deeg waren et knapp 2.000 Infektiounsfäll den Dag. Dat ass wuel net wierklech gutt, awer däitlech besser wéi bei hiren Noperen an dem europäeschen Duerchschnëtt. An d‘Perspektiven?

Wann déi bis ewell vun der Bevëlkerung bewisen Ustrengungen sech weiderhi positiv op d‘Zuelen auswierken, esou den Alexander de Croo, kéint een ab Mëtt Februar iwwer gewësse Lackerunge beroden. Méiglech wier ab dem 13. Februar d‘Reouverture vu gewëssen Déngschtleeschtunge wéi beispillsweis de Coiffeur an ähnlech Kontaktberuffer. Den Horesca-Secteur soll awer zou bleiwen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: Auslandsreese sinn ab dem 27. Januar nëmmen nach méiglech, wann et dofir ee ganz trëftege Grond huet. © Chrlotte / unsplash

Related topics Alexandre de Croo, Belsch, Covid19-Mutatiounen, Reesfräiheet, Sciensano
Next post Previous post