Search

You may also like

Greenpeace Militante viru Geriicht
Neiegkeeten

Greenpeace Militante viru Geriicht

Um Mëttwoch huet zu Metz de Prozess am Appell géint

Vu Cider, engem Food-Truck an Eisekuchen
Neiegkeeten

Vu Cider, engem Food-Truck an Eisekuchen

Bur am Kanton Rouspert-Mompech ass d‘Heemecht vun der international renomméierter

Syrien: Damaskus féiert seng Offensiv an der Ghuta weider
Neiegkeeten

Syrien: Damaskus féiert seng Offensiv an der Ghuta weider

Um Samschdeg huet déi syresch Arméi d‘Offensiv op d‘Rebellenhéichbuerg vun

Alters- a Fleegeheemer: Visitte sollen aluedend an agreabel sinn

Alters- a Fleegeheemer: Visitte sollen aluedend an agreabel sinn

Vum Deconfinement kënne mëttlerweil och d’Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer, sou wéi hir Famille profitéieren. Visitten a Sortien sinn am Respekt vun de sanitäre Moossnamen nees méiglech, woubäi mat de Recommandatioune vum 20. Mee 2020 d’Sécherheet an d’Gesondheet vun alle Bedeelegte iewescht Prioritéit soll hunn.

De soziale Kontakt, besonnesch zu de Familljememberen ass essentiell. An esou huet d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen, zesumme mat der Gesondheetsministesch un d’Gestionnairen appelléiert, fir alles an d’Weeër ze leeden, fir Visitten a Sortien esou aluedend, frëndlech an agreabel wéi méiglech ze gestalten.

Duerch de Verlaf vum Deconfinement an dat not Enn vum État de Crise sinn och d’Recommandatiounen zu de Besich an Ausflich an den Alters- a Fleegeheemer gelockert ginn. Generell Recommandatiounen, besonnesch zum Ëmgang mat vulnerabele Persounen, ginn am Laf vun der nächster Woch verëffentlecht. Wärend d’Residenten vum Accès op Depistage profitéieren, gëtt d’Situatioun nach ëmmer genee observéiert.

Hei gëllt et un d’Responsabilitéit vu jiddwerengem ze appelléieren, de Risiko fir déi verschidde Situatiounen anzeschätzen an déi noutwenneg Gesten ëmzesetzen, fir déi weider Ausbreedung vum Virus esou wäit et geet ze reduzéieren.

Related topics Altersheem, Corinne Cahen, Deconfinement, Familljeministesch, Fleegeheem, Gesondheetsministesch, Grousselteren, Paulette Lenert, Responsabilitéit, sanitär Moossnamen, Senior, Sortie, Visitt
Next post Previous post