Search

You may also like

What the Fakt – D’Emily Dickinson gëtt gebuer
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – D’Emily Dickinson gëtt gebuer

Op den Dag genau ass virun 188 Joer eng vun

Editorial: Keng Zäit ze verléieren
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Keng Zäit ze verléieren

Zanter ee puer Stonnen heescht de wichtegsten Äerdebierger Joseph Robinette

Post fir den Ausseminister
Meenung Neiegkeeten

Post fir den Ausseminister

Bréiwer, déi op de soziale Medie kurséieren, sinn net seelen.

AHA Lëtzebuerg: Zefridde mat temporärer Mesure fir Hochzäiten

AHA Lëtzebuerg: Zefridde mat temporärer Mesure fir Hochzäiten

AHA Lëtzebuerg (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker a.s.b.l.) begréisst, dass d’Regierung, op Virschlag vun der Inneministesch Taina Bofferding an der Justizministesch Sam Tanson, elo kuerzfristeg de Gemengen d’Méiglechkeet bitt fir “Hochzäiten an d’Schléissung vun enger Partnerschaft (PACS) net nëmmen an der Gemeng, mee och an anere Gebaier, déi der Gemeng gehéieren, ofzehalen“.

Dës Mesure gëtt ergraff fir d’Reegele vun der physescher Distanz an Zäite vu COVID-19 méiglechst gutt anzehalen. Säit laangem hu mir eis Alternativen zu den traditionellen Hochzäitszeremonië gewënscht, déi de Koppele méi Spillraum bei der Gestaltung vun zivillen Zeremonien erlaabt, ouni dofir manner attraktiv ze sinn.

Am Kader vun der geplangter Moderniséierung vun der Gesetzgebung zu den zivillen Zeremonien ass dës “mesure d’urgence” vun der Regierung an eisen Aen eng reell Chance, déi sollt genotzt ginn.

Matgedeelt vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA)

Opmaacherbild: © Denny Müller / Unsplash

Related topics AHA Lëtzebuerg, Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker a.s.b.l., Covid-19, Hochzäit, Pacs, Pandemie, Regierung, Sam Tanson, Taina Bofferding, Zeremonie
Next post Previous post