Search

You may also like

Et brennt an allen Ecker
International Neiegkeeten

Et brennt an allen Ecker

Et ass een nach net um Wupp ukomm, wat d‘Covid19-Pandemie

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto
International Neiegkeeten

Hëllef beim Kaf vun engem propperen Auto

Fir méiglechst séier d‘Dispositioune vum Koalitiounsaccord, am Bezuch op d‘Dekarbonisatioun

USA: Wann ee klengt Meedchen a Retentioun stierft
International Neiegkeeten

USA: Wann ee klengt Meedchen a Retentioun stierft

Den Dout vun engem siwejärege Meedchen aus Guatemala, nëmmen e

Déidlech Halloween-Party zwéngt Airbnb zum ëmdenken

Déidlech Halloween-Party zwéngt Airbnb zum ëmdenken

No enger Schéisserei an enger iwwert „Airbnb“ gelounter Wunneng a Kalifornien, wëll d‘Portal elo keng „Party-Haiser“ méi ubidden. Et soll doriwwer eraus e „Reaktiounsteam“ geschafe ginn, dat bei Verstéiss géint d‘Verträg direkt agräife kann.

Et ass net den „éischte Virfall“ deen der Plattform Airbnb schlecht Press mécht, mee no dëser elo déidlecher Halloween-Party muss d‘Plattform reagéieren. De Chef vun der Reservatiounsplattform, Brian Chesky, huet via Twitter erkläert, datt ab dem 2. November déi sougenannt Party-Haiser aus der Offer gestrach ginn. Et wëll ee sech méi ustrengen a verstäerkt géint de Mëssbrauch virgoen.

AirbnbNet geneemegt Partyen a mëssbräichlecht Verhale vun allen involvéierte Parteie soll ophalen. Et sollen och déi sougenannt „Héich-Risiko“ Locatiounen, vun der bei Airbnb eegens entwéckelter Risikoerkennungstechnologie, iwwerpréift ginn. Interessant: och wann elo Party-Haiser aus dem Programm geholl ginn, soll awer nach e „Party-Haiser Reaktiounsteam“ op d‘Bee gestallt ginn.

AirbnbLaut dem Brian Chesky huet d‘Reaktiounsteam d‘Missioun bei Reegelverstéiss direkt anzegräifen. Et misst een et besser maachen, esou de CEO vun Airbnb, nodeems bei enger Halloween-Party zu Orinda (Contra Costa County, Kalifornien) laut den Autoritéite 5 Mënschen erschoss a weider Party-Gäscht blesséiert goufen. D‘Party war iwwer d‘sozial Netzwierker annoncéiert ginn…

De Proprietär vum Haus, gëtt un selwer näischt vun dëser „geplangter“ Party gewosst ze hunn. Hie sot der Police, datt hie d‘Haus un eng Fra verlount huet, déi uginn huet, eng Familljefeier fir ronn eng Dose Leit organiséieren ze wëllen. Noperen hätten hien dann Owes alarméiert an hien hätt iwwert d‘Kamera un der Schell gesinn, datt et vill méi Leit ware wéi bei der Reservatioun uginn.

Et wier dann d‘Police alertéiert ginn. D‘Schëss solle gefall sinn, während d‘Beamten ënnerwee ware fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen. Schéissereie sinn an den USA kee besonnesche Virfall, si gehéieren zum Alldag. Nei ass, datt eng Plattform déi Proprietären a Locatairen zesumme bréngt, sech an der Verantwortung gesäit a gewëllt ass Moossnamen ze ergräifen…

mat indymedia/sfo

Foto: © Orinda Police

Related topics AirBnB, Brian Chesky, Kalifornien, Orinda, Schéisserei
Next post Previous post