Search

You may also like

Den CGFP-Nationalvirstand hëlt Ofstand vum Sozialkonflikt
Money Neiegkeeten

Den CGFP-Nationalvirstand hëlt Ofstand vum Sozialkonflikt

D‘CGFP wëll déi verbleiwend Méint bis zu de Chamberwahlen notzen,

Wéi gutt kenns du Schëffleng?
Money Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Schëffleng?

[onionbuzz quiz-id=175][/onionbuzz] Am Quiz vun haut dréint sech alles ëm

Earth Hour 2021: Luucht aus, Stären un!
Money Neiegkeeten

Earth Hour 2021: Luucht aus, Stären un!

Um 27. Mäerz ass et esou wäit: Bei der Earth

money

Airbus-Subventiounen erëffnen nei Handelskrich-Front mat den USA

Illegal Subventioune fir europäesch Loftfaartindustrie sollen duerch Douanestaxen ausgeglach ginn

Airbus-Subventiounen erëffnen nei Handelskrich-Front mat den USA

Et si schwiereg Zäite fir den US-Handelsbeoptraagte Robert Lighthizer. Bei Boeing klappt et mat der Fluchsécherheet net méi a seng Fluchgesellschafte bestellen äifreg d‘Produite vun Airbus, déi esouvill ass gewosst, subventionéiert ginn. Mat Douanestaxe well hien dogéint virgoen.

Am Gestreits wéinst den (illegalen) Subventiounen déi d‘EU Airbus zougestanen huet, ergräifen d‘USA elo Ofwiermoossnamen. Esou huet de Robert Lighthizer e Méindeg eng virleefeg Lëscht virgeluecht, op där all déi Gidder enthale sinn, déi elo mat enger „Strof“ a Form vun Douanestaxe beluecht ginn. Nieft de klassesche Wuere fir d‘Loftfaartindustrie sinn eng Rei aner Produite betraff.

Fir op de monéierten Handelsverloscht an héicht vun 11 Milliarden US-Dollar ze kommen, ginn och Zouschléi op Kéis, Olivenueleg, Uebst a villes méi erhuewen. Ganz iwwerraschend kënnt dat elo net, ëmmerhin hat Washington wéinst dësem Handelssträit schonn de Mediateur vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) ageschalt. D‘Gestreits wéinst Airbus gëtt et schonns säit 15 Joer.

Keng Gedold

„Elo ass et un der Zäit ze handelen“, esou de Robert Lighthizer, deen decidéiert schéngt eréischt dann op seng Douanestaxen ze verzichten, wann d‘EU bereet ass d‘Subventioune fir Airbus ass ad acta ze leeën. Interessant hei: d‘EU mécht den USA genee déiselwecht Virwërf, a behaapt datt si Boeing subventionéieren. D‘WTO huet festgestallt dat béid Parteie géint d‘Reegele verstoussen.

An hei läit d‘Kromm dann och an der Heck: eréischt Enn Mäerz hat d‘WTO a leschter Instanz entscheet, datt d‘USA trotz engem fréieren Uerteel, Boeing wieder mat staatlechem Geld bezouschosst huet. Dat huet der EU d‘Méiglechkeet erëffent, och „Moossnamen“ ze ergräifen. Blöd bei dëser „Prozedur“ ass awer, datt mat der aktueller US-Regierung esou eppes kann ausaarten.

Esou sief kuerz drun erënnert datt de Milliardär aus dem Wäissen Haus schonn Douanestaxen op Stol an Aluminium erhieft. Hien dreet och schonn eppes méi laang domatter, Douanestaxen och op Autoen ze erhiewen. Den Donald Trump betruecht d‘USA als Affer vun onfairen Handelsaccorden, an huet senge Fans – während der Wahlcampagne – versprach Amerika nees „grouss ze maachen“.

mat indymedia/was/det/nyc

Illustratioun: Timm Hill / Pixabay

Related topics Airbus, Boeing, Douanestaxen, EU, Subvebtiounen, USA, WTO
Next post Previous post