Search

You may also like

E Monument fir S.A.R. de Groussherzog Jean
Kultur Neiegkeeten

E Monument fir S.A.R. de Groussherzog Jean

Um 5. Januar 1921 ass S.A.R. de Groussherzog Jean op

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn
Kultur Neiegkeeten

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn

Well et einfach net nei ze erdroen ass, datt ëmmer

Juncker: Ons Zukunft ass digital
Kultur Neiegkeeten

Juncker: Ons Zukunft ass digital

Malta huet den „Zepter“ vun der EU-Presidence un Estland weidergereecht.

Aircheck Session Vol. 5 mam Evelinn Trouble

Radio-Concert um 30. Januar 2021 um 17:00 Auer

Aircheck Session Vol. 5 mam Evelinn Trouble

Fir dës 5. Editioun vun der Aircheck Session hunn d’Kulturfabrik an de Radio 100.7 d’Schwäizer Singer-Songwriterin Evelinn Trouble agelueden. E Samschdeg, den 30. Januar 2021 kritt Dir en Androck dovunner, wéi der Musekerin hir éierlech, e bëssen onschëlleg an awer emotional Wierker live kléngen.

D’Evelinn Trouble ass ufanks am Zürecher Underground opgetrueden. Ganzer 10 Joer, 4 Alben an 3 EP’s méi spéit ass beim kreative Multitalent d’Freed um Experimentéiere gewuess, wouduerch en déifgrënnege Stil voller Poesie entstanen ass.

Selwer maachen ass hire Grondsaz an esou entstinn d’Videoen aus der eegener Fierder. D’Imaginatioun kennt keng Grenzen, ob et e Remake vum „Magier vun Oz“ ass oder och eng Rees mam Bus, déi ënnert de Wolleken ophält. Dobäi gräift d’Evelinn Trouble gäre politesch a perséinlech Themen op, déi gären och emol wéi dinn.

De Soul-Pop vum éischten Album, deen d’Musekerin mat 17 Joer opgeholl huet, gouf mëttlerweil vum Industrial Rock ofgeléist, mat engem Hommage un de Motown an engem psychedeleschen Hauch. Ma, déi nei EP „Hope Music“ gëtt esou beschriwwen, dass et sech unhéiert, wéi wann d’Patti Smith an den Thom Yorke a Kand kritt hätten.

Related topics Aircheck Session Vol. 5, Concert, Evelinn Trouble, Hope Music, Kulturfabrik, Musek, Radio 100.7
Next post Previous post