Search

You may also like

D’Rotondes soen d’Majoritéit vum Programm of
Neiegkeeten

D’Rotondes soen d’Majoritéit vum Programm of

Duerch d’Moossnamen an d’Restriktiounen, déi d’Regierung kierzlech beschloss huet, mussen

31 Gemengen hunn d‘Reform vum PAG nach net ëmgesat
Neiegkeeten

31 Gemengen hunn d‘Reform vum PAG nach net ëmgesat

D‘Transitiounsphas vun der sougenannter PAG-Erneierung leeft aus an elo ass

Eng sozialpolitesch „Revolutioun“ an Italien
Neiegkeeten

Eng sozialpolitesch „Revolutioun“ an Italien

Déi „populistesch“ Regierung an Italien hat versprach dat neit „Biergerakommes“

Akademesch Sëtzung: 100 Joer Demokratie fir d’Fraen zu Lëtzebuerg!

Nach ass sou munches an eiser Gesellschaft a punkto Gläichberechtegung ze dinn

Am Kader vum 100. Gebuertsdag vum Fraewahlrecht zu Lëtzebuerg hat d’Taina Bofferding, Ministesch fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer (MEGA), de 7. Mee zuelräich Festivitéiten zu dësem Sujet annoncéiert gehat. En Dënschdeg den Owend huet am Bäisinn vu S.A.R. Prinzessin Alexandra an zuelräiche Politiker déi däitsch Historikerin Birte Förster hiren Exposé “Glücksfall für Luxemburg. Die Einführung des Frauenwahlrechts im Mai 1919” virgedroen.

Mee fir d’éischt der Rei no. Gëschter Owend um Wee fir an d’Stad esou am Bus geschitt: Et staut nees – welch Iwwerraschung – op eise Stroossen. De Bus hänkt an der Kräizung vun der Rue Jean Origer an der Avenue de la Gare. Et kommen dee Moment also keng Gefierer méi duerch – eppes, wat eis all scho mol passéiert ass. Kuerz drop hieft en eeleren Här sech vu sengem Sëtz a geet no vir bei d’Madamm Buschauffesch: “Dat doten ass awer net gutt, wat Dir do gemaach hutt! Dir hätt misste waarden, bis datt d’Strooss ganz fräi gewiescht wier an eréischt da fueren! Well esou blockéiert Dir d’Kräizung an deemno hätt dir misste stoe bleiwen!”

Mansplaining – Wann e Mann mengt, besser Bescheed ze wëssen

“Mansplaining” nennt een dat. Zesummegesat aus den englesche Wierder fir “Mann” an “erklären” (englesch: man & to explain), bezeechent Mansplaining déi erofloossend Erklärung vun engem Mann (meeschtens enger Fra géinteniwwer), dee fälschlecherweis dovun ausgeet, méi iwwert ee Sujet ze wëssen.

Zwar ass et engem säi gutt Recht, engem mol eppes ze erklären, ma well dee Mann sech no enger Minutt ëmmer nach net ginn huet, fält dat fir mech kloer an d’Kategorie vu Mansplaining. Liicht provokativ behaapten ech hei elo och, datt dat bei engem Här Buschauffer net – oder op mannst net an deem Mooss – geschitt wier. Och, wann den Här et vläicht gutt gemengt sollt hunn, esou geet et ganz ville Fraen am Alldag, wa Männer mengen, si enges Bessere beléieren ze mussen. Si mierken dobäi selwer net, wéi erofloossend hir “gutt gemengten” Erklärunge kënnen eriwwerkommen. D’Buschauffesch weess sécherlech selwer, datt dat grad net ideal war, ma brauch et hei wierklech ee Mann, dee mengt, hir dat och nach erklären ze mussen?

100 Joer Demokratie fir d'Fraen zu Lëtzebuerg

“Ech sinn e Feminist. An ech stinn dozou.” De Xavier Bettel séchert de Frae seng Ënnerstëtzung am Kampf fir Gläichberechtegung zou. © Melvin Hatto/moien.lu

Feminist Xavier Bettel

Passend dann also de Rendez-vous am Cercle op der Plëss, wou d’Taina Bofferding mat hirem Ministère op eng akademesch Sëtzung agelueden huet. Bei hire Rieden hunn d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, d’Taina Bofferding, de Chamberspresident Fernand Etgen an de Xavier Bettel net nëmmen d’Fraewahlrecht an de leschten 100 Joer ënnert d’Lupp geholl, ma et missten nach weider Efforten am Hibléck op eng Gläichberechtegung vu Fra a Mann an eiser Gesellschaft gemaach ginn.

Esou bekennt sech de Premierminister als Feminist a seet dozou: “Wann et drëms geet fir Är Rechter ze kämpfen, léif Fraen, da musst Dir wëssen, Dir sidd net eleng. Ech sinn op Ärer Säit.” Wann et ëm Fraerechter geet, wier et net nëmmen un de Fraen, ma och d’Männer misste sech mobiliséieren, esou de Premier weider. Sou wéi mir an eiser Gesellschaft liewe wëllen, ass et eiser aller Verantwortung, sech dofir anzesetzen.

Déi däitsch Historikerin Birte Förster vun der Humboldt-Universitéit Berlin huet dunn nach hiren Exposé “Glücksfall für Luxemburg. Die Einführung des Frauenwahlrechts im Mai 1919” presentéiert.

100 Joer Demokratie fir d'Fraen zu Lëtzebuerg

© Melvin Hatto/moien.lu

An deem Kontext huet d’Taina Bofferding nach eemol de Gebuertsdags-Programm ernimmt:

  • 7. bis 17. Mee 2019: Expo „100 Joer Demokratie fir Fraen“ (am Stater Bierger-Center)
    No sengem Besuch am Bierger-Center wäert d’Ausstellung duerch d’Gemengen a Lycéeën am ganze Land goen. De Ministère invitéiert heibäi all Interesséierten, deen d’Expo a senger Géigend weise wëll, si ze kontaktéieren.
  • Mëtt Juni bis Oktober 2019: „Mega Jumper“
    D’Schüler aus de Lycéeë ginn duerch pedagogesch Aktivitéiten zur Demokratie a Gläichstellung vun de Geschlechter sensibiliséiert.
  • 13. Juli 2019: Screaming Fields Festival (Rockhal)
    Déi 3. Editioun vum „Screaming Fields Song Contest“, organiséiert vum Rocklab an der Rockhal, steet virun der Dier. De musikalesche Concours adresséiert sech un all MusekerIn tëscht 12 a 25 Joer, déi hir eege Lidder zu engem spezifeschen Thema schreiwen. Dat bescht Lidd zum Thema Demokratie a Gläichstellung vun de Geschlechter ka sech iwwert den Haaptpräis freeën!
  • 17. Oktober 2019: Rock de Rack (Rockhal)
    Dëse Festival fir d’Jugend kombinéiert ee räichhaltege pedagogesche Programm zum Thema vun der Demokratie an der Gläichsetzung vu Mann a Fra mat diverse kulturellen Aktivitéiten. Dëst Evenement ass d’Resultat vun der Zesummenaarbecht vun diversen Acteuren, wéi beispillsweis der Rockhal, der Uni.lu, dem Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History oder och BEE Secure.

Bei dëser Geleeënheet wëlle mir Iech och de Film “Histoire(s) de Femme(s)“, bei deem de Lëtzebuerger Kampf ëm weiblech Unerkennung an Demokratie thematiséiert gëtt, recommandéieren.

Um Heemwee war iwwregens manner Verkéier an deementspriechend och keng Erklärungen ze héieren…

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Fernand Etgen, Chamberspresident; Taina Bofferding, MEGA-Ministesch; S.A.R. Prinzessin Alexandra; Xavier Bettel, Premierminister; Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch © Melvin Hatto/moien.lu

Related topics Fraewahlrecht, Gläichberechtegung, Lydie Polfer, Taina Bofferding, Xavier Bettel
Next post Previous post