Pipo Peng: Dem Bopa säi Beschten (Chrëschtdag-Editioun)
Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum
Den Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht (CGFP)
Am texaneschen El Paso ass et gëschter zu enger Schéisserei komm, an d‘Autoritéite bestätegen datt et Affer ginn huet. Eng verdächteg Persoun soll verhaft gi sinn. Rieds ass vun 20 Affer a 26 Blesséierten.
De Gouverneur vun Texas, Greg Abbott, huet am Kontext vun enger Pressekonferenz zum Virfall Detailer bekannt ginn. Bei de Schéisserei am Akafszenter wieren op mannst 20 Mënschen ëmkomm, 26 wiere verletzt ginn. Et konnt e Mann, deen der Dot verdächtegt gëtt, verhaft ginn. Et géif sech heibäi ëm eng Persoun am Alter tëscht 20 a 30 Joer, vu wäisser Hautfaarf.
Well et e „Manifest“ gëtt, dat vermuttlech vum Täter staamt, huet de Policechef vun El Paso, Greg Allen, en „Haassverbriechen“ net ausgeschloss. E Spriecher vun der Police huet zur Virgank gesot, datt de Konsumtempel zum Zäitpunkt vun der Schéisserei „ausgelaascht“ war, wat heesche soll, datt sech bis 3.000 Persounen am Akafszenter kéinten opgehalen hunn.
Op den Ugrëff huet den Donald Trump och reagéiert, a via Twitter gehofft datt Gott mat de Leit vun El Paso ass. Woubäi ee méi vun engem President am Wahlkampf erwaarde sollt. Et vergeet keen Dag an den USA ouni datt Mënschen duerch de Mëssbrauch vu Schosswaffen zu Dout kommen. Et geet nees no schäerfere Gesetzer gejaut, mee politesch ass dat an den USA net duerchzesetzen.
Schonn en Dënschdeg war et am Mississippi zu engem ähnleche Virfall komm. An engem Walmart waren zwou Persounen erschoss an e Polizist verletzt ginn. De Weekend virdru war de „Gilroy Garlic Festival“ d‘Zil vun engem Ugräifer. Hei waren dräi Mënsche verstuerwen, den Täter gouf vun der Police nach um Festival-Gelänn erschoss. USA, d‘Land vun der onbegrenzter Fräiheet…
mat Indymedia/hou
Foto: Pressekonferenz zur Schéisserei an engem Akafszenter zu El paso © DEA El Paso