Search

You may also like

What the Fakt – De Jangeli rullt!
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Jangeli rullt!

Vum 17. Februar 1882 un ass de „Jangeli“ iwwer 70

Vu ganzem Häerzen!
International Neiegkeeten

Vu ganzem Häerzen!

Mäin Numm ass Alain Greiveldinger, ech sinn 39 Joer an

dislike
D’Nuklearofkommes mam Iran a Gefor
International Neiegkeeten

D’Nuklearofkommes mam Iran a Gefor

E ballistesche Rakéitentest vum Iran setzt den internationalen Accord zur

Zäit ze goen – D’AKK trëtt vum CDU-Virsëtz zeréck

Zäit ze goen – D’AKK trëtt vum CDU-Virsëtz zeréck

Um Méindeg ass an der däitscher Politik d’Bomm geplatzt: D’CDU-Virsëtzend Annegret Kramp-Karrenbauer huet offiziell hire Récktrëtt annoncéiert. D’Amt vum Regierungschef an CDU-Virsëtz missten an enger Hand leien, woubäi d’AKK sech net an der Positioun fillt, dëser Roll gerecht ze ginn.

D’Decisioun zum Récktrëtt vum CDU-Virsëtz ass der Saarlännerin schonn eng länger Zäit duerch de Kapp gaangen, bis et schliisslech konkret Formen ugeholl huet. An esou koum et um Méindeg zur grousser Ukënnegung: „Ech wäert mech net ëm eng Kanzler-Kandidatur bewerben.“ D’Onrouen an de Verloscht u Stabilitéit bei de sougenannte Volleksparteien trëtt ëmmer méi ervir. Ma, fir der CDU nees eng gewësse Stäerkt a Fräiheet zeréck ze ginn, an net een Handelen aus eegenem Interessi virgeworf ze kréien, huet ee besser ze goen, erkläert d’AKK.

AKK

Bei hirer Ried huet d’Nach-CDU-Virsëtzend, déi scho länger an der Kritik steet, betount, datt si nach esou laang am Amt wäert bleiwen, bis een ee wierdegen Nofolger, respektiv eng Nofolgerin fonnt hätt, den/déi och als Kandidat fir d’Spëtzt vum Kanzleramt kämpfe wéilt. Op Wonsch vum Angela Merkel, awer och duerch eng perséinlech Verbonnenheet zu den däitschen Zaldoten an Zaldotinne bleift d’AKK weiderhi Verdeedegungsministesch.

Spéitstens zënter dem politesche Chaos an Thüringen kann een d’Autoritéitsproblemer a Schwächte bei der Féierung vun der CDU net méi verdrängen. Eng schwaach Féierung ass awer grad elo, wou d’AfD un Zoustëmmung gewënnt, net ze akzeptéieren an d’Auseneebrieche vun der Partei gëllt et ze verhënneren. D’AKK selwer huet erkläert, datt si fir eng CDU steet, déi all Form vun direkter an indirekter Zesummenaarbecht mat der AfD kloer ofleent. Allerdéngs huet een dat geneet Verhältnis an eng eenheetlech Strategie zum Ëmgang mat de Rietspopulisten innerparteiesch nach net diskutéiert.

Vill Beweegungen a grouss Onsécherheeten

War d’Spëtzt vun der Chrëschtlech Demokratescher Unioun an der Vergaangenheet vu Kontinuitéit gepräägt, esou hëlt déi politesch Stabilitéit mam stännege Wiessel vun de Memberen ëmmer weider of. No e bësse méi, wéi engem Joer gëtt d’AKK hiert Amt op, kann domadder dat haart erkämpft Vertraue vun der Bevëlkerung duerch d’Virgänger Merkel an Adenauer net oprecht erhalen.

Mam Récktrëtt dinn sech elo verschidde Froen an Zeenarien op. Wäert de Friedrich Merz, dee knapp géint d’Annegret verluer hat, sech dës Kéier duerchsetzen, oder fält d’Entscheedung fir een anere Kandidat? Wéi wëll een an Zukunft mat der AfD ëmgoen a kann d’CDU zeréck a seng vertrauenswierdeg, eenheetlech Roll fannen?

Fënnt sech keen Nofolger, deen och als Kanzlerkandidat untriede wëll, gëtt et komplizéiert: Engersäits kéint d’Basis vun der CDU selwer Neiwahle fuerderen oder de Kandidat ass net kompatibel mat de politeschen Ufuerderunge vun der SPD, déi dann déi Grouss Koalitioun verloosse kéint, wat automatesch Neiwahle mat sech bréngt.

Opmaacherfoto: © CDU/Laurence Chaperon

Related topics AfD, AKK, Angela Merkel, Annegret Kramp-Karrenbauer, Bundeskanzlerin, CDU, Friedrich Merz, Muecht, Politik, Récktrëtt, Stabilitéit, Thüringen, Verdeedegungsministesch
Next post Previous post