Search

You may also like

De COPAS-President huet och e Recht op eng Meenung (Kommentar)
Neiegkeeten

De COPAS-President huet och e Recht op eng Meenung (Kommentar)

Um Freidegmuere war de President vun der COPAS – dat

Salvini verléiert: Rettungsschëff „open Arms“ zu Lampedusa ukomm
Neiegkeeten

Salvini verléiert: Rettungsschëff „open Arms“ zu Lampedusa ukomm

No dräi Wochen um Mier ass d‘Schëff vun der spuenescher

Fortschrëtt an der Migratiounspolitik?
Neiegkeeten

Fortschrëtt an der Migratiounspolitik?

Beim EU-Sommet vun den Inneminister zu Malta huet et ee

Offiziell Aféierung vum Akt C45: Fir d’Teleconsultatioun mat Dokteren

Offiziell Aféierung vum Akt C45: Fir d’Teleconsultatioun mat Dokteren

Och an der Medezin kënnt et duerch de COVID-19 zum logisteschen an administrativen Héichleeschtungssport. Duerch déi jéngste Moossnamen am Kampf géint de Coronavirus a fir d’Gesondheet vun de Bierger esou wäit et méiglech ass ze garantéieren ass elo een neien Akt fir d’Medeziner an hir Teleconsultatiounen agefouert ginn. Virun allem geet et heibäi ëm medezinesch Verschreiwungen an d’Zertifikaen zur Krankschreiwung.

Duerch d’Recommandatioune vun der Gesondheetsdirektioun gi Medeziner encouragéiert, hire Patienten duerch Teleconsultatioun (Telefon, Video-Gespréicher,…) ze beroden. Méiglech ass dëst virun allem bei Demanden a Relatioun mat einfache klinesche Fäll, wou d’Persoun bekannt ass. D’Krankschreiwung, respektiv een Ziedel zur Aarbechtsonfäegkeet oder medezinesch Verschreiwungen kënnen esou gemaach ginn, ouni datt de Patient an d’Praxis komme muss. Duerch dës Moossnam soll d’Verbreedung vum Virus limitéiert ginn.

Den neien Akt C45 heescht „Teleconsultatioun am Kader vun der Epidemie COVID-19, no de Recommandatioune vun der Gesondheetsdirektioun, mat, wann néideg, dem Ariichte vu medezinesche Verschreiwungen an Deklaratiounen zur Aarbechtsonfäegkeet“. D’Consultatioun op Distanz vun engem Generalist oder Spezialist ass op enger Linn mat den normalen Tariffer vum Generaliste an dem Spezialiste a Geriatrie (Akt C1), wat och der gängeger Praxis an anere Länner entsprécht.

Wien also een staarkt Leed verspiert oder un enger chronescher Krankheet leit, ka sech per Teleconsultatioun berode loossen. Et ass allerdéngs um Dokter d’Relevanz vum Fall anzeschätzen, an esou tëscht Berodung op Distanz oder direkter Berodung ze wielen. Wichteg ass allerdéngs, datt de Patient dem Dokter bekannt ass, fir esou d’Qualitéit vum Service ze garantéieren.

Weist ee schwéier Symptomer vum Coronavirus op, gëlt nach ëmmer d’Consignen vun der Santé ze befollegen. Bei Noutfäll hëlleft d’Hotline 8002 8080.

Opmaacherfoto: © National Cancer Institute / Unsplash

Related topics Aarbechtsonfäegkeet, Akt C45, Coronavirus, Covid-19, Dokter, Epidemie, Gesondheet, Gesondheetsdirektioun, Krankschreiwung, Pandemie, Paulette Lenert, Santé, Teleconsultatioun, Verschreiwung
Next post Previous post