Search

You may also like

Bergkarabach: den onversécherte Fridden
Kultur Neiegkeeten

Bergkarabach: den onversécherte Fridden

Nodeems et dem russeschen Zar Vladimir Putin schéngt gelongen ze

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker
Kultur Neiegkeeten

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker

De Joreskongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker zum Thema

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl

An de 60er Joer haten de Siegfried a Roy eng

Aktioun Bambësch: Spannend Aktivitéite fir Ouschteren

Vum 14. bis de 17. Abrëll 2020

Aktioun Bambësch: Spannend Aktivitéite fir Ouschteren

Zënter méi wéi 40 Joer erméiglecht d’Stad Lëtzebuerg de Kanner vun de Cyclen 1.1 bis 4.2, déi an der Haaptstad wunnen, fir gratis u Fräizäitaktivitéiten op pedagogescher Basis deelzehuelen. Ënnert dem Numm Aktioun Bambësch kënnen d’Kanner esou d’Nomëtteger vun hirer Ouschter-Schoulvakanz mat spannende Spiller an Aktiounen ze verbréngen.

D’Rei un Aktivitéite gëtt organiséiert vum CAPEL (Centre d’Animation Pédagogique et de Loisirs). Op der Plaz ginn d’Kanner vu jonke Moniteure mat der spezifescher Formatioun begleet an animéiert. Si schaffen iwwregens ënnert der Opsiicht vun Educateure vum Animatiounszenter.

D’Participatioun vun der Aktioun Bambësch, wéi och d’Notzung vu speziellen Navette fir den Transport bis bei d’Aktivitéiten, si gratis. Ganz no eegenem Wuelbefannen a Bedarf kënnen d’Kanner hei aktiv ginn. Aus Organisatiounsgrënn ass d’Umeldung allerdéngs obligatoresch.

D’Aktioun Bambësch dauert vum 14. bis de 17. Abrëll 2020. Wien un den Aktivitéiten interesséiert ass, dee muss sech bis zum 21. Februar ugemellt hunn. De Formulaire a weider Informatiounen heivir fannt Dir op capel.vdl.lu oder och HEI fir direkt erofzelueden.

Folgend Daten zur Aktioun Bambësch kéinten Iech och nach interesséieren:

  • Summer 2020: Vum 20. Juli bis den 14. August (Umeldung bis de 25. Mee)
  • Chrëschtdeeg 2020: Vum 28. bis den 31. Dezember (Umeldung bis den 20. November)
Related topics Aktioun Bambësch, Aktivitéiten, CAPEL, Educateur, Kanner, Ouschteren, Schoulvakanz
Next post Previous post