Aktioun „Buttek“: 35.000 € konnte gesammelt ginn

Bei der 12. Editioun vun der Aktioun „Buttek“, déi zesumme mam Lëtzebuerger Roude Kräiz an der Caritas lancéiert gouf, hunn d’Clienten vun Delhaize insgesamt 35.000 € gespent an domat 7.000 Persounen an Aarmut eng Moolzecht erméiglecht.

Vum 18. November bis den 8. Dezember 2021 konnten d’Clienten vun Delhaize entscheeden, ob si un der Aktioun deelhuelen, andeems si fir e bestëmmte Betrag een oder méi Bongen kafen. Dobäi hunn 2 € engem Kaffi, 5 € engem Mëttegiessen, 10 € engem Owesiessen a 15 € engem Iessen fir eng ganz Famill entsprach.

D’Donen goufe schliisslech zesummegerechent an un déi verschidde sozial Epicerie verdeelt. Ganzer 35.000 € sinn dobäi gesammelt ginn, déi ëmgerechent 7.000 Moolzechten spendéieren. De Cédric Gonnet, Country Director vun Delhaize Lëtzebuerg ass houfreg op d’Generositéit vu senge Clienten a seet jidderengem Merci deen dës Aktioun ënnerstëtzt huet.

Nodeems d’sozial Epicerien am Joer 2009 zesumme mam Familljen- an Integratiounsministère an d’Liewe geruff gi sinn, konnte bis haut 12 esou Butteker ageriicht ginn. Fir e ganz klenge Präis kréie Persounen an Aarmut hei Liewensmëttel a Produiten, déi een am Alldag braucht.

Net nëmmen gëtt esou d’Solidaritéit an de soziale Geescht gefërdert, mee och géint d’Liewensmëttelverschwendung virgaangen. Supermarchéen wéi Delhaize spenden nämlech Produiten, déi hirem maximalen Halbarkeetsdatum no kommen a soumat aus de Regaler geholl musse ginn. Dobäi kommen d’Wuere vu Fournisseuren, déi hir Artikele gratis, respektiv fir e klenge Betrag un déi sozial Epicerie ginn.

Dernières nouvelles