Saudesche Kinnek op Konfrontatiounskurs mat den Ajatollahen
Dee vum saudesche Kinnekräich organiséierten „duebele“ Sommet vum Golf-Kooperatiounsrot an
Dee vum saudesche Kinnekräich organiséierten „duebele“ Sommet vum Golf-Kooperatiounsrot an
Ganzer 25 Joer engagéiert sech schonn eis Arméi bei militäreschen
D’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg wäert
Ee Mëttwoch huet Europol matgedeelt, datt et am Oktober an der EU gréisser Policeaktioune géint de Kannerhandel ginn huet. Bei dëse koordinéierten Operatiounen, un deenen nieft der Europol och d‘Police vu Groussbritannien, Portugal a Spuenien deelgeholl hunn, konnten 249 potentiell Affer identifizéiert ginn. D‘Policeaktioune waren an éischter Linn géint organiséiert Bande geriicht.
Dës Bande benotze Kanner grenziwwerschreidend, si gi sexuell ausgebeut, muss schaffen oder ginn heeschen. Laut Europol ginn d‘Kanner och als „Schmuggler“ fir all Zort vu verbuedene Gidder vun dëse Bande benotzt. D‘Agence Europol, déi hire Sëtz zu Den Haag huet weist nach emol drop hin, datt de Kannerhandel bannent der EU virrangeg duerch Kooperatioun mat Verwannte geschitt.
Beim duerchliese vum Rapport fält op, datt déi Mënschenhändlerbande gutt vernetzt sinn. Déi sinn duerch grouss Clan-Netzwierker interkonnektéiert, kënnen esou dann och „international“ agéieren an d‘Kanner ginn no engem Rotatiounsprinzip esou verdeelt wéi et gewënscht oder gefuerdert ass. Nei ass, datt sech ënnert den Affer och ëmmer ëfters Mannerjäreger aus net EU-Länner befannen.
Laut Europol géif et sech hei fir déi meescht ëm Flüchtlingskanner handelen. 61 vun den 249 bei dëser Aktioun identifizéierten Affer sinn mannerjäreg Kanner. Et heescht awer, datt fir weider 107 Affer, den Alter emol muss festgestallt ginn. Alles an allem hunn sech d‘Autoritéite vun 12 Länner un dëser Operatioun bedeelegt. 388 méiglech Täter oder Komplize goufe bei dëser Aktioun gestallt.
mat indymedia/ams
Illustratioun: © Nuno Alberto / unsplash