Search

You may also like

Alles verstanen? – Fréijoersmiddegkeet
Neiegkeeten

Alles verstanen? – Fréijoersmiddegkeet

Et ass Fréijoer an d‘Natur erwächt zu neie Liewen… just

Cannabis: Legal eng Kiffen?
Neiegkeeten

Cannabis: Legal eng Kiffen?

Et ass net well am Koalitiounsaccord vun DP, déi gréng

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier
Neiegkeeten

Riseg Maniff zu Barcelona: D‘Katalane fuerdere Fräiheet fir déi politesch Prisonéier

Honnertdausende Katalanen hunn e Sonndeg zu Barcelona géint d‘Haft vun

E nationalen Aktiounsplang géint d‘Pestiziden

E nationalen Aktiounsplang géint d‘Pestiziden

Fir de Landwirtschaftsministère geet ee mam nationalen Aktiounsplang (PAN) zur Reduktioun vum Asaz vu „phytopharmazeutesche“ Produiten (Pestiziden, Herbiziden) op de Wee vun enger reell nohalteger Entwécklung.

Dobäi ass d‘Iddi net nei an den Aktiounsplang wier, ugesicht der EU-Direktiv 2009/128/CE – dat war den 21. Oktober 2009 – déi op e bessere Schutz vun der Gesondheet an der Ëmwelt hiweist, souwisou noutwenneg ginn. Mee de PAN ersetzt och d‘Fassung vun 2013, net datt elo gemengt gëtt, et hätt ee sech Zäit gelooss.

Elo gesäit de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen (DP) an, datt een hätt kënne méi séier virukommen, mee wéi et ausgesäit „hu mir elo en nationalen Aktiounsplang deen de Numm och verdéngt huet“. De Fernand Etgen zitt dann och en Dokument vir, dat duerch seng Qualitéit iwwerzeegt, an duerch d‘Schnellegkeet mat där et erstallt ginn ass.

Konkret geet et dorëms, d‘Benotze vu phytopharmazeutesche Produite bis 2030 ëm wéinstens 50% ze reduzéieren. Fir déi aggressiivst Pestiziden an Herbiziden soll et scho bis 2025 eng Reduzéierung vun 30% ginn. Zudeem soll et fir „Privatleit“ ganz schwéier ginn un dës Produiten erunzekommen a se anzesetzen.

Alles geet, alles brauch seng Zäit

Dat léisst de Schluss, zou, datt déi Produiten net méi dierften am fräie Verkaf sinn, an een se nëmmen nach op Autorisatioun ka kréien. Dat d‘Reglement schonn am September ugeholl ginn ass, den Delai dann awer bis Enn 2018 verlängert ginn ass, kann ee bedaueren, ass fir de Minister awer nach ëmmer „Kuerzfristeg“.

Iwwerhaapt bleift de Landwirtschaftsminister op senger Positioun, datt een d‘Bauere muss beim Ausstig aus dem Glyphosat muss begleeden an et eng Strategie muss ginn. Iert een engem eppes ewech hëlt, sollt een valabel Alternativen um Dësch leien hunn.

Wann d‘Pestiziden an d‘Herbiziden d‘Liewen et dann elo och tatsächlech eppes méi schwéier dierften hunn, esou muss een den „Iwwergang“ bedenken. Wëll heeschen, datt een de Produiten aus der Kategorie „Glyphosat“ nach ee puer Joer wäert begéinen. Zudeem dierft de Glyphosat an aneren EU-Länner méi laang „legal“ sinn, wat bedeit, datt een u Kompenséierunge fir déi Professionell muss denken.

An enger éischter Phas sinn dann och prioritär d‘Fungizide, d‘Pestiziden an d‘Herbizide vum nationalen Aktiounsplang betraff. A fënnef Joer da soll och e Bilan gezu ginn, dat unhand deenen am PAN festgeluechte Kritären. Datt d‘Reduktioun vum phytopharmazeutesche Produiten och mam Konsumverhalen ze huet, soll een awer net vergiessen.

Foto: De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen. © MAVPC/SIP

Related topics Aktiounsplang, Fernand Etgen, Landwirtschaft, Pestiziden
Next post Previous post