Search

You may also like

Reform vun der europäescher Migratiounspolitik
Neiegkeeten

Reform vun der europäescher Migratiounspolitik

Europa huet ee Migratiounsproblem, an dat net eréischt säit Moria.

Walking on Cars & Hollow Coves am Atelier
Neiegkeeten

Walking on Cars & Hollow Coves am Atelier

Virun 3 Joer sinn déi fënnef Museker aus Irland mam

Ënnert dem Radar
Neiegkeeten

Ënnert dem Radar

Säit Mëtternuecht sinn an der britescher Provënz Nordirland esouwuel dat

Aktiounsplang fir Mënsche mat Handicap

Den OGBL huet sech mat der zoustänneger Ministesch zesummegesat fir de Punkt ze maachen

Aktiounsplang fir Mënsche mat Handicap

Den 20. Januar waren de Carlos Pereira (Member vun der Exekutiv), Joël Delvaux (President vum Departement fir Aarbechter mat engem Handicap – DTH/OGBL) an de Patrick Hurst (DTH/OGBL) bei der Familljeministesch Corinne Cahen (DP), fir iwwert den neien „Nationalen Aktiounsplang zur Ëmsetzung vun der Konventioun am Bezuch op d‘Rechter vun de Mënsche mat Handicap 2019-2024“ ze diskutéieren.

An dësem Aktiounsplang sinn 29 Prioritéiten, 55 Objektiver an net manner wéi 97 konkret Mesuren zugonschte vun de Mënsche mat engem Handicap enthalen. Dat betrëfft ronn 15% vun der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg. Den Aktiounsplang soll elo endlech vun der Ministesch, den 11. Februar um Krautmaart den Deputéierte virgeluecht ginn. Hei wollt d‘Delegatioun vum OGBL dann als éischt emol wëssen, firwat dat esou laang gedauert huet.

Richteg ass, datt den Aktiounsplang schonn 2018 hätt solle virleien. Zum Retard huet d‘Corinne Cahen erkläert, datt et fir d‘Erstellung vun dësem Dokument e sëlleche Consultatioune gebraucht huet. Schliisslech hat ee sech verflicht mat den Associatiounen an Institutiounen, déi sech mat der Problematik am Alldag ausenanersetzen, ze schwätzen an hir Virschléi wéi och d‘Awänn bei der Textgestaltung ze berécksiichtegen.

A jo, och der Ministesch huet dat Ganzt eppes laang gedauert, mee mam Resultat kéint een dofir zefridde sinn. Den endgültegen Text ass zudeem och a Blanneschrëft (Braille) publizéiert ginn. Fir den OGBL bleift dee Beräich, bei deem et ëm d‘Moossnamen zur Inclusioun vun de Mënsche mat Handicap an den Aarbechtsmaart geet, de wichtegsten. D‘Ministesch huet verséchert, datt sech d‘Regierung déi néideg Mëttel wëll ginn, fir d‘Mesuren aus dem Plang ëmzesetzen.

D‘Regierung hätt sech zudeem och virgeholl, d‘Entreprise méi intensiv a besser iwwert déi divers staatlech Hëllefen an/oder Zouschléi ze informéieren, fir de Fall datt si eng Persoun mat Handicap astellen. Säitens de Gewerkschaft gouf insistéiert, fir gewuer ze ginn, op et zousätzlech Mëttel gëtt, fir eng besser Integratioun um éischten Aarbechtsmaart fir all déi Persounen ze erméiglechen déi aktuell a sougenannt „geschützten Atelieren“ schaffen.

An dësem Kontext wollten déi Delegéiert vum OGBL dann och nach vun der Ministesch wëssen, wat den tatsächlechen Rôle vun den „Assistenten zu Inclusioun“ an der Aarbecht ass a wéi eng Moyenen déi kréien. De Beruff selwer ass jo mam Gesetz vum 1. August 2019 geschafe ginn, elo bréicht et nach eng Formatioun. Déi, esou zumindest d‘Ausso vun der Ministesch, soll och nach kuerzfristeg ausgeschafft an agefouert ginn.

Reform vum Gesetz zum Statut vum handicapéierten Aarbechter

Am Kader vun dësem Aktiounsplang, soll och d‘Gesetz aus dem Joer 2003, wou de Statut vum handicapéierten Aarbechter definéiert gëtt, vollstänneg reforméiert ginn. An dëser Reform soll elo endlech festgehale ginn, datt d‘Akommes vun enger Persoun mat schwéierem Handicap net méi vun den Ierwe vum Beneficiaire mussen zréckbezuelt ginn, wéi dat aktuell nach ëmmer de Fall ass.

Zudeem wollt den OGBL och vum Corinne Cahen wëssen, op déi fir Betriber verflichtend Quoten am neie Gesetz ganz ewech falen? Esou wéi et déi Delegéiert nach emol erkläert hunn, misst ee feststellen, datt kaum Entreprisen sech un d‘Gesetz halen an (wéi am Logement) och säitens den zoustännegen Autoritéiten näischt ze fäerten hunn.

D‘Ministesch ass de Quoten net opposéiert, mee bei de Sanktioune géif et den Ament wéineg wat ee maache kéint. Et géif kee gutt Bild weisen, wann ee selwer net mam gudde Beispill virgeet, anerer ze sanktionéieren. Datt dierft d‘Patronat am héchste Mooss erfreeën, well bis de Staat sech sengen Hausaufgaben unhëlt dierft et nach weider Gesetzreforme ginn hunn. Esou kann een zudeem och net „sensibiliséieren“, also zumindest net Glafwierdeg.

An déi vum OGBL hunn och net ee Abléck gezéckt fir der Ministesch grad dëse Virworf op den Dësch ze leeën. Si hunn dem Corinne Cahen an Erënnerung geruff, datt dëse Virwand fir Verstéiss „duerchgoen ze loossen“ schonn zanter 20 Joer Bestand huet. Esou mécht ee keng Gesetzer… Dat weess och d‘Ministesch, déi awer trotzdeem drop higewisen huet, datt och wann een d‘Quoten net erfëllt, d‘Zuel vun den handicapéierten Aarbechter beim Staat sech verduebelt huet.

D‘OGBL-Delegatioun hält der Familljeministesch entgéint, datt d‘Recette vun eben esou enger Bestrofung, duerchaus fir beispillsweis d‘Formatioun, déi berufflech Neiorientéierung an/oder d‘Inclusioun vu Mënsche mat Handicap, kéinten agesat ginn. Dat ass de Fall an enger Rei EU-Länner an kéint och zu Lëtzebuerg seng Friichten droen. Hale mir nach séier fest, datt den Aktiounsplang 2022 an 2024 sollen evaluéiert ginn.

Foto: ThisisEngineering / unsplash

Related topics Corinne Cahen, Familljeministère, Handicap, Inclusioun, OGBL
Next post Previous post