Search

You may also like

Editorial: Youth for Climate – Méi Eegeninitiativ fir de Klima!
Neiegkeeten

Editorial: Youth for Climate – Méi Eegeninitiativ fir de Klima!

Déi schwedesch Klima-Aktivitstin Greta Thunberg ass d’Virbild vun der globaler

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta
Neiegkeeten

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta

Um Freideg den 28.Abrëll hunn sech op Malta d’EU-Ausseminister getraff

Coronavirus: Eng Situatiounsiwwersiicht
Neiegkeeten

Coronavirus: Eng Situatiounsiwwersiicht

An Italien wou d‘Verbreedung vum Coronavirus dramatesch zouhëlt, huet d‘Regierung

Aktualitéitsstonn an der Chamber: Baustoff-Penurie

Aktualitéitsstonn an der Chamber: Baustoff-Penurie

Zanter Mëtt-Abrëll ass d‘Handwierkerkummer alarméiert, wéinst der Penurie béi de Baustoffer. D‘Präisser vir Holz a Stol ginn duerch de Plafong an och déi aner Materialie fänken un Deier ze ginn. A mat Geld eleng schéngt de Problem net ze léisen ze sinn, well ee bekanntlech net kafe ka wat et net um Maart huet.

Nodeems schonn ee Méindeg, d‘CSV-Fraktioun zum „Logement-Briefing“ agelueden hat, an hei mat engem zwielef Punkteplang konkret Propose fir bezuelbare Wunnraum gemaacht huet, huet d‘CSV och dës Aktualitéitsstonn gefuerdert. An dësem Kontext huet d‘Oppositiounspartei dann nach dräi Motiounen abruecht:

  • Mise en Place vun zousätzlechen Hëllefe fir d‘Konsumenten deenen hir Chantiere schonn ugefaange goufen;
  • Eng Etüd mat de Banken zur Méiglechkeet de Gemengen en zënsfräie Kredit ze gewären;
  • D‘Asetze vun engem weideren Hëllefsregime fir d‘Gemengen.

Ouni grouss eppes virgräifen ze wëllen: dës Motiounen si selbstverständlech verworf ginn. An och wann d‘Koalitiounsparteie vill Versteesdemech fir d‘Interventioun bewisen huet, esou kann een och an dësem Kontext just de Fazit zeréckbehalen: „et ass gutt dat wéinstens driwwer debattéiert gouf“.

Dës Aktualitéitsstonn hat dann awer de Virdeel zumindest däitlech ze maachen, datt wunnen hei am Land net wäert méi bëlleg ginn, an datt och wann der CSV hiren zwielef Punkteplang a groussen Deeler géif vun de Kolleegen approuvéiert ginn, dat mam: „Méi“, „Séier“ a „Bëlleg“ huet d‘CSV mat der Aktualitéitsstonn zudeem eppes ausgeschloss. De Sujet bleift aktuell a wierklech Äntwerte kann een ënnert de bekannten Ëmstänn zur Stonn och keng ginn.

Et ass net dat se et net probéiert hätten

Op deene Plaze wou de Client sech konnt d‘Präisdeierecht leeschten a wou et nach Material ginn huet, do geet weider geschafft. Trotzdem bei eng Hausse, déi jee no Objet bis zu 70% ausmaache kann, ass et méi wirtschaftlech de Chantier rouen ze loossen. An d‘Penurie wäert sech entgéint de Prognose wäit iwwer dat 3. Quartal vun 2021 zéien. Et ass also eng weider Kris an der Kris…

Mat Kuerzaarbecht kann een d‘Situatioun wuel eppes entschäerfen, mee op Dauer kann sech och dat net opgoen. D‘Piraten erkenne wuel zu Recht, datt d‘Subsiden eleng keng Léisung sinn, an dës sinn zudeem och begrenzt. Besser wier et de Problem op lokalem Niveau unzegoen an nees eege Ressourcen ze mobiliséieren. D‘Fuerderung, zesumme mat den aneren Oppositiounsparteien, op lokal „Industrien“ ze setzen a sech am Bausecteur ze emanzipéieren, gouf majoritär ignoréiert.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) huet sengersäits gemengt, datt et wuel Unzeechen hätt datt Entreprise géifen ënnert der Penurie leiden, mee nach géif een d‘Nerve behalen. Et gëtt drop higewisen, datt bei Luxinnovation un engem sougenannten Holz-Cluster geschafft gëtt. Schonn zur Rentrée soll et eng virtuell Plattform hunn, wou Offer an Demande zesummegefouert wäerte ginn.

Illustratioun: Et feelt eis net un Chantieren, mee tatsächlech un der Wuer fir se fäerdegzestellen. © Ricardo Gomez Angel / unsplash

Annex: 3 Motioune vun der CSV zur Aktualitéitsstonn

Related topics Aktualitéitsstonn, Bausecteur, Baustoff-Penurie, Chamber, CSV, Konjunktur
Next post Previous post