Search

You may also like

Frankräich: De Covid19 erzwéngt Ausgangsspären
Neiegkeeten

Frankräich: De Covid19 erzwéngt Ausgangsspären

D‘Dokteren, an hei besonnesch d‘Intensiv-Medeziner, sinn alarméiert. Et wier offensichtlech,

Den oppene Bréif vun der Escher Fuesent
Neiegkeeten

Den oppene Bréif vun der Escher Fuesent

Op der Facebooksäit vun der Escher Fuesent huet haut de

Fënnef Wierker vum Tavernier
Neiegkeeten

Fënnef Wierker vum Tavernier

De Bertrand Tavernier ass en Donneschdeg, de 25. Mäerz 2021

Wirtschaft iwwert Gesondheet: De Kampf géint d’Ëmweltkrankheeten

Wirtschaft iwwert Gesondheet: De Kampf géint d’Ëmweltkrankheeten

Sief et Doheem, op der Aarbecht oder och dobaussen, am Alldag ass jidderee vun eis a Kontakt mat gesondheetsbelaaschtende Schuedstoffer, och Ëmweltgëfter genannt. Wärend den Immunsystem vu verschidde Leit d’Belaaschtung relativ gutt handhabe kann, reagéieren aner Persoune sensibel an entwéckele chronesch Ëmwelterkrankungen. Dofir setzt d’Asbl AKUT sech zënter 30 Joer fir d’Informatioun a Sensibiliséierung, Preventioun an de Réckhalt vun Erkrankten an.

Et gëtt geschat, datt 2-7% vun der europawäiter Bevëlkerung uerg Krankheeten, verursaacht duerch Ëmweltgëft, opweisen. Gëtt de Kierper laang Zäit de Schuedstoffer ausgesat – wat leider an eiser gewënnorientéierter Gesellschaft net ze verhënneren ass – kënne sech beispillsweis Multiple Chemical Sensitivity (MCS), dat chronescht Erschëpfungssyndrom (CFS) oder och eng Fibromyalgie entwéckelen.

Ma, souguer bei der Entwécklung vun Allergien, Depressiounen, Longenerkrankungen a Kriibs, fir der elo just e puer ze nennen, kënne Schuedstoffer zum Co-Faktor ginn.

Anescht wéi beispillsweis a Fabricken, wou den Aarbechter no bestëmmte Virgabe just fir eng gewëssen Zäit schiedleche Stoffer ausgeliwwert dierf sinn, an am Eeschtfall iwwert d’Aarbechtsmedezin behandelt gëtt, schwätze mir hei vun der gesamter Bevëlkerung, bei där en Niddregdosisberäich op Dauer genau esou schlëmm Intoxikatiounen erliewe kann.

Hei e puer Beispiller u Schuedstoffer:

  • Zännmedezin: Amalgamfëllungen, déi Quecksëlwer enthalen;
  • Ernierung: Pestiziden, Antibiotik, Faarfstoffer;
  • Banneräim: Chemikalien, Schimmel, schiedlech Baumaterialien (Faarwen, Asbest, …).

Dräi Joerzéngte Bestoen: Villes geleescht, awer och Réckschléi erlieft

Um 6. Oktober 1991 huet e Grupp u Persounen, déi selwer ënnert Ëmwelterkrankunge gelidden hunn, d’Associatioun AKUT gegrënnt. War et ufanks nach als Selbsthëllefgrupp geduecht, esou konnt ee sech mat de Joren zu engem Informatiouns- a Berodungszentrum entwéckelen.

Wärend dësen 30 Joer huet d’Asbl ënnert anerem zur d’Kreatioun vun enger Ëmweltambulanz, déi bei Privatleit Miessungen duerchzeféiere konnt, bäigedroen. An Zesummenaarbecht mam LNS gouf schliisslech och de Service vun der Ëmweltmedezin geschafen. Ëmweltmedezinesch Formatioune fir Dokteren goufen organiséiert an e puer Joer drop gouf d’Ëmweltambulanz weider ausgebaut.

A verschidde Fäll sinn d’Käschten vun den Analysen iwwerholl ginn; Resultater an hir Interpretatioun hunn et Betraffenen erméiglecht sech Hëllef beim Dokter ze sichen a beispillsweis dat eegent Doheem ze sanéieren. Schliisslech gouf dunn d’Ëmweltklinik am CHEM zu Nidderkuer ageriicht.

No allen Erfolleger, déi Lëtzebuerg international als Virbild a Saachen Ëmweltmedezin duergestallt hunn, koum ab 2013 den Aschnëtt. De Service vun der Ëmweltambulanz ass ënnerbesat, d’Waardezäite si laang, an d’Resultater ginn net méi vun enger Interpretatioun begleet. Doduerch kënne weder Betraffener, nach Dokteren eppes mat der Analys ufänken.

AKUT
Jean Huss, President; Marielle Hilgert, Vize-Presidentin © Shari Pleimelding/moien.lu

Gëft fir d’Zellen, d’Nerven, den Immunsystem an d’Darmflora

Am Beräich Preventioun, Behandlung a Prise en Charge gëtt et nach esou munches ze verbesseren. Huet Schweden als éischt Land am Joer 2009 d’Notzung vun Amalgam verbueden, esou ginn zu Lëtzebuerg nach ëmmer zum Deel gesondheetsschiedlech Stoffer an de Praxe benotzt. Ass beispillsweis de Quecksëlwer bis emol am Mond agebaut, setze sech d’Partikelen am Kierper of a verbleiwen do, och wann d’Fëllung ersat gëtt. Bis 2025 soll den Amalgamverbuet EU-wäit gëllen, wat d’Asbl immens begréisst. Zousätzlech fuerdert d’Associatioun awer och Formatiounsprogrammer fir Zännmedeziner.

Am Beräich vun de Wunngëfter verlaangt AKUT, datt d’Ëmweltambulanz nees opgebaut gëtt an esou Betraffenen eng kompetent Analys ouni ze laang Waardezäite bitt. Fir Ëmweltpatiente sollt déi baubiologesch Berodung gratis sinn. Dës weideren fuerdert d’Associatioun gesonde Wunnraum fir MCS- an CHS-Patienten, nom Schwäizer Modell.

„D’Industrie probéiert hire Produit mat alle Mëttel esou laang wéi méiglech um Maart ze halen“, ënnersträicht de Jean Huss, President vun der AKUT Asbl. Leider stinn d’Wirtschaftsinteressen am Virdergrond, wärend d’Gesondheet vu Mataarbechter a Client vernoléissegt gëtt. Dobäi schiedegt d’Industrie genee déijéineg, déi hir Produite kafe sollen – paradox Welt.

Trotz Tendenz zur Nohaltegkeet kommen ëmmer nei Artikelen op de Maart. Beweist ee Wëssenschaftler, datt déi genotzte Materialien oder de Produit insgesamt eng schiedlech Auswierkung huet, notzen Entreprisen d’Taktik vum Zweiwelen. Eng Géigenetüd, beoptraagt vun der jeeweileger Entreprise, ka mat genuch Suen d’Resultat verëffentlechen, datt ee sech net sécher ka sinn op Produit XY wierklech schiedlech ass.

D’Marielle Hilgert, Vizepresidentin vun der Asbl, ass sech bewosst, datt Efforte gemaach ginn. D’Bewosstsinn fir d’Ëmwelt klëmmt, verschidde Praxe verzichten op Amalgam, d’Méiglechkeet gesond ze bauen besteet. Et geet awer nach laang net duer Betraffene konsequent ze hëllefen an d’Bevëlkerung anstänneg ze schützen. Dofir wäert AKUT sech och weiderhin fir Preventioun, Informatioun a seng Fuerderungen asetzen.

Weider Informatiounen zur AKUT Asbl fannt Dir op akut.lu.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics AKUT Asbl, Allergie, Amalgam, CHEM, Ëmweltambulanz, Ëmwelterkrankungen, Ëmweltgëfter, Ëmweltklinik, Erschëpfungssyndrom, Fibromyalgie, Gesondheet, Jean Huss, Kriibs, Marielle Hilgert, MCS, Minamata-Konventioun, Multiple Chemical Sensitivity, Schuedstoffer, Wirtschaft
Next post Previous post