Search

You may also like

De Sportprogramm vum Weekend (13. – 14.03.2021)
International Kultur Neiegkeeten Stories

De Sportprogramm vum Weekend (13. – 14.03.2021)

Och wann dëse Samschdeg keng epeschen Renconteren huet, de Sonndeg

D’CSV wëll endlech Kloerheet
International Kultur Neiegkeeten Stories

D’CSV wëll endlech Kloerheet

Droleg Entwécklung zu Biissen. E Buergermeeschter, dee bis viru kuerzem

dislikemoney
VW vum Bundesgeriichtshaff enttäuscht
International Kultur Neiegkeeten Stories

VW vum Bundesgeriichtshaff enttäuscht

Volkswon (VW) hat gelunn an esou honnertdausende Clienten iwwert de

Dem Al-Ansari seng Uleedung, fir Frae richteg ze schloen – Geet et nach??

Dem Al-Ansari seng Uleedung, fir Frae richteg ze schloen – Geet et nach??

Schonn iwwert eng hallef Millioun Klicks zielt den Tutorial vum angebleche Soziolog Abdelaziz al-Khazraj al-Ansari aus Katar, bei deem hien erkläert, wéi een eng Fra richteg ze schloen huet. Generell geet hie bei senge Videoen immens schro géint Fraen, Homosexueller, Net-Moslemen a quasi alles, wat an iergendenger Form anescht ass, fir. Mat vill Roserei am Bauch froe mir eis do: Geet et nach mam Geliits?

Um Beispill vun engem jonke Bouf demonstréiert den Al-Ansari, wéi de Mann seng Fra no de Richtlinne vum Islam richteg schloe soll. Dobäi verharmloost de „Soziolog“ seng Dot nach mat de Wierder „Kuckt, wéi gnädeg den Islam ass. De Prophet huet Schléi an d’Gesiicht verbueden.“ Senger Meenung no hätt dat weiblecht Geschlecht et schliisslech verdéngt am Zong gehalen ze ginn a sech senger ënnerwërfeger Roll ze fügen.

Natierlech muss ee beim Kucke vum Video zouginn, datt hien dem Jong just widder d’Äerm schléit an och Wäert drop setzt, datt keng blo Flecken oder Schlëmmeres aus dëser Aktioun eraus entstinn. Trotzdeem bleift Schloen, egal a wéi enger Form, eng Gewaltdot, déi weder an enger Partnerschaft, nach bei der Famill an de Frënn ubruecht ass! Datt Männer, mat enger ähnlecher Astellung wéi den Al-Ansari, nach „douce“ doheem virginn, bleift och ze bezweifelen.

De Video geet viru mat der Behaaptung, datt verschidde Fraleit et einfach net versti wann ee probéiert, si mat Wierder ze beléieren. Hei wiere méi konsequent Moossname gefuerdert, sou datt Si spiert, datt Hien ee richtege Mann ass – ahjo? Eegenen Donnéeën no soll dëse Mann een Doktorat an der Soziologie hunn, Familljeberoder an Direkter vun engem Institut fir Eheberoodung sinn. Esou richteg passt dëse Puzzel awer net zesummen.

Trotz masseg Kritik verstéisst dem Al-Ansari säin „Tutorial“ net géint d’Kritäre vun der Plattform Youtube. Och wa scho masseweis Viewer déi „muslimesch Léierstonn“ gemellt hunn, sou hat dat bis ewell wéineg Konsequenze mat sech bruecht: Youtube huet beim Video just eng Warnung dobäi gesat a schalt keng Reklamme méi vu senge Beiträg fräi. Majo sou vill dann zu Gläichberechtegung. Op d’Land Katar wërft den Här op alle Fall kee positiivt Bild.

A wat seet de Koran dozou?

No enger Rechercheaarbecht si mir op déi entspriechend Plaz (4:34) vum Koran gefall déi Folgendes beseet:

„An all (Fraen), der hir Widerspenstegkeet dir befiercht: ermaant si, meit si am Ehebett a schlot si! Wa si Iech da follegen, esou sicht géint si keng Ausried.“ Op der Säit vum Münchener islameschen Zentrum gëtt weider erkläert, datt am Fall vu grousse Schwieregkeeten an engem Bestietnis dës drëtt Schrëtt op alle Fall agehale musse ginn: Ermanung, Trennung am Bett a Schloen. Dobäi wier et wichteg net aus dem Affekt eraus ze handelen, wat, wéi och si selwer zouginn, leider oft virkënnt.

Den Akt vum Schloe sollt ee symbolesche Charakter hunn. Esou gëtt d’Säit och un, datt de Prophet Muhammad selwer am Bezuch op d’Schloe vun de Frae säi Mëssfalen ausdréckt: „Ass et fir ee vun iech wierklech méiglech, seng Fra ze schloen, wéi wa si är Mod wier an dann Owes erëm bei si goen?“. Sécherlech handelt et sech hei ëm eng schwiereg Thematik, woubäi all aggressiven Ëmgang géigeniwwer engem Individuum kloer ofzeleenen ass.

Related topics Al-Ansari, Gewalt, Glaawen, Katar, Koran, Uleedung
Next post Previous post