Search

You may also like

Militäresch Zeremonie fir verstuerwen Ënneroffizéier
Neiegkeeten

Militäresch Zeremonie fir verstuerwen Ënneroffizéier

Bei enger Explosioun um 14. Februar sinn zwee Ënneroffizéier vun

100 Deeg Joe Biden: „Finanzcharisma“
Neiegkeeten

100 Deeg Joe Biden: „Finanzcharisma“

Déi Vereente Staate vun Amerika sinn, no engem véierjärege Polit-Intermezzo,

Kongress vun der KPL: Dës EU kann een net reforméieren
Neiegkeeten

Kongress vun der KPL: Dës EU kann een net reforméieren

E Sonndeg hat déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) hire Kongress,

Al Gesetzer déi ee reforméiere misst

Al Gesetzer déi ee reforméiere misst

Am modifizéierte Gesetz vum 2 Januar 1889 betreffend d‘Beschlagnam vun enger Immobilie, sinn eng Rei Dispositiounen enthalen, no deenen d‘Gemengeréit mussen Akten an Dokumenter, approuvéieren an aviséieren. An de Meeschte Fäll awer wier et dësen Acteure guer net méiglech d‘Angaben déi op den Akten an Dokumenter figuréieren ze iwwerpréiwen.

Mat senger parlamentarescher Fro (4318) wollt de den Député-Maire vun Dikrech, Claude Hagen, elo vun den zoustännege Ministesche (Justiz an Inneministère) wëssen, ob et net eventuell Zäit wier sech enger Reform vun dësem Gesetz unzehuelen. Et wier jo schonn eppes archaesch mussen Akten an Dokumenter ze aviséieren, déi net an d‘kommunal Kompetenz falen.

Aus der gemeinsamer Äntwert vun de Ministesche Sam Tanson a Taina Bofferding geet ervir, datt d‘Obligatioun, esou wéi se interpretéiert gëtt, falsch verstanen ass. Et géif heibäi drëms goen, datt déi concernéiert Réit, Schäffen an/oder Buergermeeschter d‘Exploiten déi hinne virgeluecht musse viséiert ginn. Et géif net drëms goen dës Akten an Dokumenter ze approuvéieren.

Et gëtt weider drop higewisen, datt de „Visa“ vun de genannte Lokalpolitiker sech haut net méi géif rechtfäerdegen, well een dovunner ausgeet, datt elo all d‘Bierger déi hinnen zougestallten Akten an Dokumenter liesen a verstoe kënnen. Ass dat net de Fall, esou hätt et jo och nach Affekoten an Hëllefskräfte bei der Justiz, déi weiderféierend Informatioune kënne ginn.

Béid Damme notifiéieren nach, datt d‘Regierung och der Meenung ass, datt een dëst Gesetz muss komplett nei opsetzen. Eng Moderniséierung géif hei awer net duer goen, well dëst Gesetz enk mat anere verbonnen ass. Aktuell organiséiert de Justizministère d‘Assise vum Code Civil, fir dann ze kucke wéi een dësen endlech ka grondleeënd reforméieren.

Illustratioun: © Thomas Martinsen / unsplash

Related topics Claude Hagen, Modifizéiert Gesetz vum 2. Januar 1889, Reform, Sam Tanson, Taina Bofferding
Next post Previous post