Search

You may also like

Spärung vun der Rue des Muguets um 7. Mäerz 2020
Neiegkeeten

Spärung vun der Rue des Muguets um 7. Mäerz 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt et um Samschdeg, de 7.

D’Sandmeedchen: Wat geschitt, wann de Sandmann an d’Pensioun geet?
Neiegkeeten

D’Sandmeedchen: Wat geschitt, wann de Sandmann an d’Pensioun geet?

Fir d’Rotondes ass et eng Première. De Bouneweger Kulturzenter huet

Der Liichtverschmotzung entgéint wierken – Esou einfach kann et sinn!
Neiegkeeten

Der Liichtverschmotzung entgéint wierken – Esou einfach kann et sinn!

Liichtverschmotzung duerch kënschtlech Luucht ass net nëmmen en ästhetesche Problem

Den Alain Reuter ass neie President vun der CNAP an dem FDC

Den Alain Reuter ass neie President vun der CNAP an dem FDC

Kuerz virun de Feierdeeg krut den Alain Reuter bei enger Zeremonie a Presenz vum Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet, d’Funktiounen an d’Pouvoiren als President vun der nationaler Pensiounskeess (CNAP) an dem Pensiounsfong (FDC) iwwerdroen.

Domat iwwerhëlt hien d’Tâche vum Fernand Lepage, deen um 25. Dezember 2020 offiziell a Pensioun gaangen ass. An dësem Kader huet de Minister Schneider him fir säi jorelaangen Engagement Merci gesot.

Den Alain Reuter ass 1971 zu Lëtzebuerg gebuer ginn an huet e Master an en Doktorat an der Mathematik. Am Joer 2007 gouf hien als Responsabele vum Service de Méthodologie bei der CCSS agestallt, ier hien am Januar 2021 éischte Conseiller an der Direktioun ginn ass.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Alain Reuter, neie President vun der CNAP an dem FDC; Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet; Fernand Lepage, fréiere President vun der CNAP an dem FDC © CNAP

Related topics Alain Reuter, CCSS, CNAP, FDC, Fernand Lepage, National Pensiounskees, Pensiounsfong
Next post Previous post