Search

You may also like

US-Noutstand: E Verstouss géint d‘Verfassung?
International Neiegkeeten

US-Noutstand: E Verstouss géint d‘Verfassung?

Well de Kongress dem Donald Trump net déi gefuerdert 5,7

Josh Malerman: En artistescht Multitalent mat Faibel fir den Horror
International Neiegkeeten

Josh Malerman: En artistescht Multitalent mat Faibel fir den Horror

Den Auteur Josh Malerman begeeschtert sech zanter senge jonke Jore

Wat gutt fir d‘Natur ass, gëtt belount
International Neiegkeeten

Wat gutt fir d‘Natur ass, gëtt belount

D’OIKOPOLIS-Betriber kompenséieren erëm hire CO²-Foussofdrock. D’Grupp spent jeeweils 11.977€ un dräi Veräiner

D‘Alan Kurdi kritt ee sécheren Hafen

D‘Alan Kurdi kritt ee sécheren Hafen

No der Ukënnegung vu Sea-Eye um Dënschdegmueren, datt d’Rettungsschëff Alan Kurdi hiren “Port of Call“ Marseille ulafe wäert, gouf dem däitsche Schëff e bemol awer en italieneschen Hafen op Sardinien zougewisen ob dat Arbatax wäert sinn, bleift awer eng oppe Fro.

Zur Zäit däerf d’Alan Kurdi nëmme viru Sardinien ankeren, fir Schutz virun engem Onwieder ze sichen. Fir d’éischt hat déi italienesch Rettungsleetstell all Kooperatioun ofgeleent. Den däitsche Verkéiersministère huet keng siichtbar Beméiungen ënnerholl, déi italienesch Kolleeg*innen ëm Koordinéierung ze froen.

“Déi däitsch an italienesch Autoritéite mussen elo erklären, firwat se sech ganz véier Deeg laang duerch Ignoréieren aus der Verantwortung gezunn hunn, seet de Gordon Isler, Virsëtzender vu Sea-Eye e.V.

Déi franséisch Autoritéiten hunn e Mëttwochowend op eng Léisung gedrängt a soumat mat Erfolleg un déi italienesch Autoritéiten appelléiert, déi humanitär Grondsätz am Fall vun der Alan Kurdi ze berécksiichtegen. Géint Mëtternuecht huet déi italienesch Rettungsleetstell de Kapitän vum Rettungsschëff kontaktéiert fir iwwer “weider Koordinéierung” ze schwätzen. Si hunn dem Kapitän en Hafen op Sardinien virgeschloen – fir Schutz virum Wieder ze fannen.

“Selbstverständlech huele mir dës Offer un, schliisslech froe mir well zënter fënnef Deeg ëm d’Koordinéierung vun eisem Fall”, seet de Gorden Isler nach.

Mëttlerweil huet d’Rettungsschëff den Hafe vun Arbatax sécher erreecht. Si goufe vum Hafemeeschter ugewisen do ze ankeren an op weider Instruktiounen ze waarden. D’Lag u Bord vun der Alan Kurdi gëtt vum Mënscherechtsbeobachter Kai Echelmeyer als stabil beschriwwen.

Och wann e puer Mënsche wéinst der Séikrankheet behandelt misse ginn, ginn et awer keng schwéier Problemer oder Konflikter u Bord. “Mä mir hunn nach ëmmer méi ewéi 59 Mannerjäreger u Bord, dovunner ginn der vill vu kengem Erwuessene begleet. Et sinn och kleng Kanner dobäi”, seet de Kai.

Déi vill Ufroe vum Schëff wéinstens déi besonnesch schutzbedierfteg Persounen auszeschëffen, sinn ouni Äntwert bliwwen.

An Europa deet sech schwéier

E Mëttwoch huet d’EU-Kommissioun hire Migratiounspakt virgeschloen: “Sich- a Rettungsasätz an Noutsituatiounen erfuerdere Koordinéierung an eng séier Ausschëffung op eng séier Plaz. Och d’Uechtung vun de Grondrechter vun de gerette Persounen, verbonne mat de Verflichtungen aus der EU-Charta vun de Grondrechter, mam Grondsaz vun der ‚Net-Zréckweisung‘. A mat dem gewunnegtsméissegen a konventionellen internationale Mënscherecht an dem Séirecht”, heescht et ënnert Punkt 7, an deem vun der Kommissioun virgestallte Pabeier.

D’EU Kommissärin Ylva Johansson huet déi besonnesch Bedeitung vun den ziville Séinoutretter*innen an hier Ënnerstëtzung betount.

“Mä genee op dësem Punkt funktionéiert am zentrale Mëttelmier zur Zäit näischt méi. D’Kommissioun fuerdert hei rechtlech Selbstverständlechkeeten”, seet de Gordon Isler. Datt Italien d’Zoustännegkeet fir en Séinoutfall ofleent, ass fir Sea-Eye nei. “Et gesäit esou aus, ewéi wann Italien aus Séinout gerette Mënschen, net méi als Séinoutfall astuuft”..

An engem Gespréich tëscht der italienesche Küstewuecht a Sea-Eye Vertrieder*innen am vergaangene Juni, huet e Jurist vun der italienescher Küstewuecht vun engem „service for migrants at sea“ geschwat, ewéi en den Asazzweck vun der Alan Kurdi aus der Siicht vun der italienescher Küstewuecht beschriwwen huet.

“Dëst weist, datt sech déi italienesch Siicht net nëmmen op d’Rettungsschëffer vun humanitären Organisatiounen, mä och nach besonnesch op déi Gerette geännert huet. Denkt een dat bis zum Schluss, da kënnt een zum Resultat, datt d’Küstewaach d’Siicht vun de rietspopulistesche Politiker*innen iwwerholl huet an elo vu Passagéier schwätzt, fir d’Schëffer aus technesche Grënn festhalen ze kënnen.”

Update:

Gëschter Owend ass der Alan Kurdi den Hafe vun Olbia (Sardinien) ugewise ginn. D‘Alan Kurdi misst um Freidegmuere géint 6 Auer op der Plaz ukomm sinn.

Foto: © Sea-Eye

Related topics Alan Kurdi, Gorden Isler, Mëttelmier, Sardinien, Sea-Eye, Séinoutrettung
Next post Previous post