Search

You may also like

What the Fakt – D’Barbie kritt 60 Joer!
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Barbie kritt 60 Joer!

Déi wuel weltwäit berühmtste Popp kritt eng 6 vir! Trotz

Climate Action Week – Vun Aktivitéite bis zum Klimastreik
International Neiegkeeten

Climate Action Week – Vun Aktivitéite bis zum Klimastreik

Haut de Moien huet Youth for Climate Luxembourg, zesumme mat

EuroBirdwatch 2020: Dëse Weekend dréint sech ëm d’Villercher!
International Neiegkeeten

EuroBirdwatch 2020: Dëse Weekend dréint sech ëm d’Villercher!

Den éischte Weekend vum Oktober steet ganz am Zeeche vun

ALAN KURDI zu Olbia festgesat 

ALAN KURDI zu Olbia festgesat 

E Freidegowend huet déi italienesch Küstewuecht d’ALAN KURDI no enger 8 stonnelaanger Hafestaatskontroll fir d’zweete Kéier an dësem Joer festgesat.

Dem Sea-Eye-Schëff gouf virdrun no enger wochelaanger Werftpaus duerch spuenesch an däitsch Fachautoritéiten d’Asazbereetschaft attestéiert. De Kapitän Joachim Ebeling schwätzt vun enger „Salamitaktik“ a seet weider:

„Wann ee wierklech ëm d’Sécherheet vun de Mënschen, déi mir gerett hunn, besuergt wier, da géif een net bei all Geleeënheet stonnelaang no Méiglechkeete sichen, eis festzesetzen.”

Kurdi

Duerch d’Festsetzung sinn all weider Missioune vum Joer a Gefor. Géint dës Festsetzung wëll Sea-Eye elo eng Klo areechen.

„Et kann net sinn, datt Italien den däitschen a spueneschen Autoritéiten hier Fäegkeeten net unerkennt, fir iwwer d’Sécherheet u Bord vun der ALAN KURDI ze urteelen. Dat ass absurd an entlarvend. D’Festsetzunge vun däitsche Rettungsschëffer si reng politesch motivéiert”, seet de Gordon Isler, de Virsëtzende vu Sea-Eye.

Gutt, déi italienesch Regierung huet déi drakonesch Strofe vum Salvini géint Séinoutretter*innen zeréckgeholl, mä ofgeschaaft sinn se awer net. Dofir hält Italien de Moment dräi däitsch Rettungsschëffer an en norwegescht Schëff vum Rettungsasaz of. An der Festsetzungsbegrënnung bemängelt d’Küstewaach erëm, datt méi Persounen u Bord waren, ewéi virgesinn.

„Italien stellt kloer, datt déi Geretten net méi als aus Séinout gerette Persounen ugesi ginn, mä als Passagéier, seet den Isler nach.

Déi italienesch Küstewuecht huet am Juni den Zweck vun der ALAN KURDI als “Service for migrants at sea“ genannt an huet d’Koordinéierung vun de leschte Séinoutfäll am September ofgeleent. Dobäi hunn se dat gesetzlecht Kooperatiounsgebuet tëscht de Rettungsleetstellen ignoréiert.

Kurdi

„Mir gesinn hei déi autoritär Ëmsetzung vun engem rietspopulisteschem Narrativ mat konkrete Moossnamen, déi besonnesch op den Transport vu Mënschen ofzielen an de Séinoutfall einfach ignoréieren. Dat ass dofir esou grotesk, well Italien bis virun zwee Joer nach selwer Mënschen aus Booter viru Libyen gerett huet”, seet de Gordon Isler weider.

De Freidegowend huet Sea-Eye dat Auswäertegt Amt an den Ausseminister formell ëm Ënnerstëtzung gefrot. Duerch d’Festsetzung vun der ALAN KURDI, der SEA-WATCH 3 an der SEA-WATCH 4 géife schliisslech net eleng d’Rechter vun den däitschen Hëllefsorganisatiounen a Fro gestallt ginn. D’Rechter vum Flaggestaat, deen seng Schëffer mat Schëffssécherheetszertifikaten ausstatt, sinn och dovunner betraff. D’Protester vum Bundesverkéiersministère bei déi italienesch Kolleg*inne bleiwe bis elo ouni Erfolleg.

„Mir ginn aus politesche Grënn festgehalen. Dofir biede mir dat Auswäertegt Amt ëm diplomatesch Léisungsvirschléi. Et geet schliisslech ëm Mënscheliewen”, seet de Gordon Isler. IOM seet, datt am Joer 2020 bis elo 675 Mënschen am Mëttelmier erdronk sinn. D’Rettungsschëff ALAN KURDI konnt an dësem Joer méi ewéi 300 Mënscheliewe retten.

 „Mir hätte vill méi Mënsche rette kéinten. Ouni d’Blockade vun de Rettungsschëffer wär d’Zuel vun den Affer ganz sécher méi geréng.”, seet den Här Isler nach.

Foto: © Sea-Eye

Related topics Alan Kurdi, Italien, Küstewaach, Olbia, Sardinien, Sea Eye
Next post Previous post