Search

You may also like

Nei am Verlag Binsfeld: Au Fil Des Années
International Neiegkeeten

Nei am Verlag Binsfeld: Au Fil Des Années

No senge Memoiren Luxemburg im Wandel der Zeiten aus dem

Wann s de eppes kanns!
International Neiegkeeten

Wann s de eppes kanns!

Gëschter huet – datt gouf aus gudde Grënn esou entscheet

Iessen an Drénken: De beschte Chef ass?
International Neiegkeeten

Iessen an Drénken: De beschte Chef ass?

Um Méindeg war et e schéinen Dag fir d‘Gastronomen a

#AlarmstufeRot  – Berliner Demo géint d’Ausstierwe vu Concerten, Discoen a Co.

D’Veranstaltungsbranche fuerdert Hëllef: Concerten, Kiermes an Discoen, all hunn se un der Corona-Kris gelidden an vill vun hinnen stinn elo virum Aus.

En Mëttwoch hunn sech dausenden un Entrepreneuren an Ugestallten zu Berlin zesummefonnt fir op hier kritesch Lag opmierksam ze maachen. Ënnert hirem Motto #AlamrstufeRot verlaangen si en Gespréich mat der Regierung iwwert eng besser finanziell Hëllef. Gestart sinn se um Alexanderplatz an sinn dunn am Cortège an Richtung Brandenburger Tor, mam Regierungsvéirel als Ziel.

Vill Entrepreneuren hunn, laut Aussoen, bei wäitem net déi Hëllef, déi noutwenneg wier fir Entloossungen oder Insolvenzen ze verhënneren, kritt. Si fuerderen eng Aart Iwwerbréckungsprogramm mat Zouschëss, méi laang Kreditlaafzäiten an Ännerungen bei der Kuerzaarbecht.

Hinnen geet et awer ausdrécklech net em eng Kritik un den Infektiounsschutzmoossnamen vum Covid-19. D´Demonstranten hunn och all d’Hygiènes- an Schutzmoossnamen, wéi Masken undoen an 1,5 Meter Ofstand halen, agehalen. Virum Reichstag hunn si dann symbolesch hiert leschten Hiem néiergeluecht.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © Kelly Scholtes / moien.lu

Related topics AlarmstufeRot, Berlin, Coronakris, Covid-19, Demo, Disco, Entloossungen, Evenementer, Faillite, finanziell Hëllef, Kiermes, Veranstaltungsbranche
Next post Previous post