Search

You may also like

Puppelcher kréien nees méi oft d‘Broscht – awer net ëmmer laang genuch!
Neiegkeeten

Puppelcher kréien nees méi oft d‘Broscht – awer net ëmmer laang genuch!

Am Kader vun der nationaler Strategie zur Fërderung vum gesonden

Wéi vill Afghanen soll wien ophuelen?
Neiegkeeten

Wéi vill Afghanen soll wien ophuelen?

An enger Sonner- an Drénglechkeetssëtzung vum Rot „Justiz a bannenzeg

YFCL: Zesumme kënne mer eis Zukunft retten!
Neiegkeeten

YFCL: Zesumme kënne mer eis Zukunft retten!

Vum 20. September bis 27. September organiséiert Youth for Climate

Albdreem – mir kennen se dach alleguer

Albdreem – mir kennen se dach alleguer

Mir falen an onendlech Déift, gi verfollegt, si geläämt, verléieren d’Zänn oder mussen den Dout vun engem gefléifte Mënsch materliewen. Wann een erwächt, gëtt een dat negatiivt Gefill esou bal net méi lass, et fillt e sech de ganzen Dag ewéi vun engem Camion iwwerrullt. D’Albdreem léisen Angscht, Trauer, Eekel a souguer Roserei aus. Heiansdo sinn se awer och séier vergiess.

Dës grujeleg Dreem kënnen och den Dag beaflossen, wann zum Beispill de Betraffenen Angscht huet an d’Bett ze goen an nees Schreckensvisiounen ze erliewen. Oder no engem Dram net méi aschlofe kënnen. Kommen se méi ewéi eemol d’Woch vir, gëtt ugerode bei den Dokter ze goen – et kéint sech eng Angschtstéierung entwéckelen. Se gehéiert zu de Schlofstéierungen.

Vill Mënschen, denken datt se ëmmer dat selwecht dreemen, hëllefräich ass dobäi Tagebuch ze féieren. Dann kristalliséiert sech eraus, datt ech schonn Ënnerscheeder tëscht den Dreem ginn. Bestëmmten Elementer kommen erëm, mä den Oflaf an den Zesummenhang ass anescht.

Albdreem

© Engin Akyurt / Unsplash

Mä firwat huet een dës Dreem?

Virun allem Mënsche mat enger schwéier posttraumatescher Belaaschtungsstéierung si besonnesch staark dovunner betraff. Si verschaffe verschidden Trauma an den Dreem. Dobäi ass et keng gutt Iddi, sech mat där Situatioun ofzefannen, se si behandelbar. Ee Psychotherapeut mécht schonn e gudden Ufank.

Betraffener kënnen sech awer och selwer hëllefen – andeems si hier Dreem opschreiwen an ëmmer erëm liesen. Dat nennt een Desensibiliséierung. Esou verléiert en mat der Zäit säi Schreck.

Klengen Tipp: Wien Problemer mam Alkohol huet, sollt owes op säi Gliesche Wäi verzichten. Och bei Kanner kënnen Albdreem optrieden, meeschte sinn se keen Zeeche vun enger psychescher Stéierung. Si hunn eng lieweg Fantasie.

Monster oder Geeschter am Zëmmer sinn séier vergrault – mam Antimonsterspray. E schéinen Nieweneffekt ass, wann en no berouegender Lavendel richt. Et ass och hëllefräich, d’Kanner eemol an den Aarm ze huelen, hir Suergen eescht ze huelen an d’Dreem net ze bagatelliséieren.

An deem Sënn: Gutt Nuecht a schlooft gutt!

Opmaacherbild: © Hailey Kean / Unsplash

Related topics Albdreem, Angschtstéierung, Aschlofen, Dout, Eekel, Falen, negativ Gefiller, Schlofstéierung, Trauma, Veraarbechtung, Verfolgung
Next post Previous post