Search

You may also like

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen
Kultur Neiegkeeten

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen

„An dësem Moment zerstéiere Bëschbränn – déi sech méi schnell

De Stater Maart plënnert!
Kultur Neiegkeeten

De Stater Maart plënnert!

Ab dem 13. Januar 2021 wäert de Stater Maart net

Amis des Musées … wat war op der Generalversammlung lass?
Kultur Neiegkeeten

Amis des Musées … wat war op der Generalversammlung lass?

De Freideg, de 7. Mee 2021 war am Mudam d’Generalversammlung

Album-Rezensioun: „If there is an escape“ vu Stelise

Album-Rezensioun: „If there is an escape“ vu Stelise

D’Lëtzebuerger Band Stelise huet de 5. Oktober an der Kulturfabrik hiren éischten Album „If there is an escape“ erausbruecht. Ganzer 12 Lidder lueden an eng düster, tragesch Welt an, déi just mat Musek ka bekämpft ginn.

Stelise ass ee musikalesche Projet, den am August 2016 gegrënnt ginn ass. De Bandnumm steet heibäi fir d’Symbios aus dem Virnumm vum Gittarist Steve Richer an der Sängerin Elise Nunes. No hirem éischte Lidd „Empty“ wollt d’Band mam Album-Release déi nächst Stuf vum Projet erklammen.

Dobäi ass den Numm vum éischten Album „If there is an escape“ Programm! D’Songs handele vun Ausrieden am Liewen, Politik, Léift, Haass an Elleng sinn. Just d’Musek kann dobäi Heelung am ganze Leed spenden. D’Kläng erënneren u roueg Rockstecker aus de 70er an 80er Joer vu Bands wéi Pink Floyd oder Radiohead. Si selwer definéiere sech als melodesch Rockband mat Aflëss vum Trip-Hop.

Wien an den neien Album eralauschtert ass begeeschtert vun der klorer, roueger Stëmm vun der Sängerin a Verbannung mat de kräftegen Akkorde vun der Gittar. D’Lidder hu generell ee luesen Tempo, fir esou eng introvertéiert a melancholesch Atmosphär ze schafen. Och wann ee sech net op den Text konzentréiert spiert een déi leedvoll an tragesch Kläng,

Opgefall ass eis virun allem dat drëtt Lidd vum Album, „Ana“, wat iwwert Anorexie handelt. Mat Textpassagen, wéi “In my body you feel like home, but I am falling apart“ trëfft d’Band d’Thema perfekt a léist ee selwer an eng düster Stëmmung verfalen. Den Text ass gemëscht englesch- a franséischsproocheg, wat dem Ganzen eng angenehm Wendung gëtt.

Stelise

Modern schwarz-wäiss Illustratiounen harmonéiere mat den düstere Kläng
© Shari Pleimelding /moien.lu

Mir hunn eis den Album an der Redaktioun ugelauschtert a luewen déi immens gutt Stëmm vun der Sängerin. Den Design vun der CD, mat eenzegaartegen Illustratiounen, huet een einfach ugereegt eran ze lauschteren a mech, als Graphikdesignerin, wierklech begeeschtert.

Als Kritik kënne mir just umierken, datt d’Lidder sech zimlech änelen an doduerch, mat der düsterer Melodie an trister Atmosphär, d’Musek mat der Zäit monoton gëtt.

Stelise passt perfekt op d’Bühne vu Festivals wéi de Rock um Knuedler, d’Fëte de la Musique, de Food For Your Senses Festival oder Koll an Aktioun. A sou, wéi mir et an diverse Live-Videoe gesinn hunn, iwwerzeegt d’Band bei hiren Optrëtter mat Talent a Professionalitéit.

Fir all déi, déi gäre roueg Musek lauschteren oder einfach ofschalte wëlle, lount et sech, Stelise live ze gesinn. Hei kennt dir Iech schonn ee klengen Abléck verschafe mam éischte Clip vu Stelise zu „Liar“.

Alles zur Band Stelise fannt Dir op Facebook an Instagram. Mir wënsche weiderhinn vill Succès!

Related topics Album, Band, If there is an escape, Lëtzebuerg, Rock, Stelise
Next post Previous post