Search

You may also like

Editorial: Boss ech brauch méi Goss
Neiegkeeten

Editorial: Boss ech brauch méi Goss

Datt een iwwert Geld net schwätzt, ass, wann een es

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen
Neiegkeeten

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen

D’Gläichheet vum Akommes ass erreecht. Op alle Fall huet den

Den Josh Island an der Brasserie K116
Neiegkeeten

Den Josh Island an der Brasserie K116

Um räichhaltege Programm vun der Brasserie K116 steet am Abrëll den Optrëtt

ALEBA verléiert sektoriell Representativitéit

ALEBA verléiert sektoriell Representativitéit

OGBL a LCGB haten et net appreciéiert, vun de Kollektivvertragsverhandlungen am Finanzsecteur ausgeschloss ze ginn. Si haten dunn d‘Aarbechtsinspektioun opgefuerdert ze klären, wien elo fir de Secteur representativ ass. Et gouf en Aarbechtsgrupp agesat an e Freideg gouf tranchéiert, firwat elo d‘ALEBA net méi déi representativ Gewerkschaft vum Secteur ass.

D‘ALEBA war zanter 2005 déi representativ Gewerkschaft vum Finanzsecteur. Och bei de leschte Sozialwalen (2019), war d‘ALEBA mat 49,22% déi stäerkste Kraaft am Secteur. Den OGBL mat 31,58% an de LCGB mat 19,2%, waren zimmlech wäit hannen, kommen awer „zesummen“ op 50,58%. Gemeinsam gesi sich ech als d‘Representatioun vum Salariat am Finanzsecteur.

Bei der ALEBA kënnt d‘Decisioun vum Aarbechtsminister Dan Kersch verständlecherweis net gutt un. Woubäi et och ëmmer eppes mam Dialog tëscht de Gewerkschaften ze dinn huet. No de Sozialwalen hate weder OGBL nach LCGB, dat gutt Resultat vun der ALEBA a folgerichteg och säin Usproch op Representativitéit net a Fro gestallt. De Dissens, gouf vun der ALEBA ausgeléist.

Wann ee „representativ“ ass, trotzdeem nëmmen d‘Hallschent vun de Salariéeën aus engem Secteur vertrëtt, sollt een dovunner ausgoen, datt et dat natierlechst vun der Welt ass, och mat deenen anere Personalvertrieder grouss Decisiounen ofzeschwätzen. Et wier also net nëmme sënnvoll, mee wuel och strategesch gescheit gewiescht, zu drëtt an d‘Kollektivvertragsverhandlungen ze goen.

An et muss een hei och OGBL a LCGB Versteesdemech entgéintbréngen, déi ee ganz schlechte Kollektivvertrag denoncéiert hunn. Et ass also net nëmmen ëm „Differenzen“ ideologescher Aart gaangen, mee ganz kloer ëm d‘Interesse vun de Lounofhängegen. Déi, esou OGBL an LCGB hätt d‘ALEBA a senge Verhandlunge mat der ABBL an der ACA, awer schänterlech hannergaangen.

Ass et um Enn eng politesch Entscheedung?

Fir de Laurent Mertz, Generalsekretär vun der ALEBA, ass dat Ganzt eng „ofgeschwate Saach“ tëscht dem Minister an de Gewerkschaften. Hie beklot, dat d‘Aarbechtsinspektioun (ITM) net objektiv „ermëttelt“ huet. Déi hätt der ALEBA just 12 kleng Froen zougestallt, a géif dat elo als „Enquête“ verklären. De Generalsekretär ass iwwerzeegt, datt d‘Resultat längst festgestanen huet.

Si hunn och net wëlles sech dat gefalen ze loossen a wëllen sech zur Wier setzen. Déi entspriechend Mesuren – op nationalem am internationalem Plang – hätt ee schon an d‘Wee geleet. D‘ALEBA ass gewëllt sech engem diskriminatoresche Gesetz ze erwieren, datt just den nationale Gewerkschaften – déi 26% vun de Suffragen an den Entreprise versammelen – d‘Representativitéit zougestane gëtt.

Et kéint jo net sinn, datt hiren nationale Statut, hinnen d‘Representativitéit am engem Secteur géif zouschanzen, déi erwisenermoossen dem gréisste Syndikat an dësem Secteur zousteet. „Hei huet et de klore Wëlle ginn, d‘ALEBA auszeschalten. (…) Normalerweis sinn sech OGBL a LCGB bei näischt eens, mee hei hu se sech géint eis verbonnen. Mir mussen eis elo zur Wier setzen“.

Séier kéint ee geneigt ginn der ALEBA Recht ze ginn, mee dofir misst een dann och vun enger „Victoire“ zugonschte vun OGBL a LCGB schwätzen. Dat awer ass et evidenterweis net, well eigentlech ass dat eenzegt wat sech ännert: d‘ALEBA dierf net méi eleng ënnerschreiwen, si ass elo genéidegt an Zesummenaarbecht mat OGBL a LCGB Verhandlunge mam Patronat ze féieren.

An den Ament profitéiere virun allem ABBL an ACA vun dësem Sträit, dee jo versprécht an d‘Verlängerung ze goen. Tëscht de Gewerkschaften an de Patronatsvertrieder gouf et bis ewell fënnef Sëtzungen an en Accord ass net a Siicht. Déi nächst Entrevue soll et schonn e Mëttwoch mat der ABBL an en Donneschdeg 18. Mäerz mat der ACA ginn. Ausgang, wéi gewinnt ongewëss.

Illustratioun: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Aarbechtsinspektioun, Aarbechtsminister, ALEBA, Finanzsecteur, ITM, LCGB, OGBL, Representativitéit
Next post Previous post