Search

You may also like

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!
Neiegkeeten WTF

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!

De klengste Wal, och Schwéngswal oder Vaquita genannt, steet mat

Gemengewahlen 2017: 36.000 Wieler hunn d‘Wale verschlof
Neiegkeeten WTF

Gemengewahlen 2017: 36.000 Wieler hunn d‘Wale verschlof

Datt een zu Lëtzebuerg laut Gesetz muss wiele goen, huet

Den Dylan Pereira um Podium vu sengem éischte WEC
Neiegkeeten WTF

Den Dylan Pereira um Podium vu sengem éischte WEC

Hannert dem Steierrad vum Aston Martin Vantage, engem neie Gefier

surprise

ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?

ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?

D‘Vertrieder vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Medezinsstudente (ALEM) gesi schwaarz fir d‘Zukunft, am Gesondheetsministère gëtt ee sech decidéiert optimistesch. Mee den demographesche Wandel an eng ëmmer méi eeler Populatioun stellen d‘Land virun nei Erausfuerderungen.

Wann am November 2017, ugesicht den Zuelen déi vun der EU-Kommissioun an Zesummenaarbecht mat der OECD verëffentlecht gi sinn, Lëtzebuerg a punkto Gesondheet sech ganz gutt duergestallt huet, esou war awer och hei scho vun engem Mangel un Doktere rieds. Mat manner wéi engem Dokter fir dausend Awunner, läit Lëtzebuerg dann och ënnert der EU Moyenne.

An et ass dann och wichteg ze bemierken, datt d‘Dokteren net vun de Beem falen. A well an den nächste 15 Joer der dovunner ganz vill wäerten an d‘Pensioun goen, wier ee gutt beroden sech op d‘Zukunft virzebereeden. Dat hat am November, bei der Virstellung vun der „Lag zur Gesondheet an der EU“, den John Ryan, vun der europäescher Gesondheetsdirektioun, och esou ëmschriwwen.

Säitens der ALEM, déi hir Generalversammlung den 29. Dezember ofgehalen huet, also héich Zäit datt ee sech dem Sujet unhëlt. An och wann d‘Gesondheetsministesch de Membere vun der ALEM verséchert huet, datt een um Ministère d‘Situatioun am A huet, wierklech berouegend huet et net gewierkt. Gutt datt et da wéinstens eng Entrevue soll ginn, wou een zesummen d‘Lag evaluéiert.

D‘ALEM deelt net den Optimismus vun der Ministesch

Déi nei Presidentin vun der ALEM, Myriam Feltgen, huet déi gutt Relatioun mam Gesondheetsministère begréisst. D‘ALEM ass dann awer iwwerzeegt, datt d‘Schlussfolgerunge vun hire Virgänger aus dem Joer 2011 nach ëmmer héich aktuell sinn. Bannent de nächsten zéng Joer géife besonnesch vill Generalisten an d‘Pensioun goen, wat zu engem Problem ka ginn.

E Problem dee sech dorunner erkenne léisst, datt een haut zwee Jonker brauch fir een alen ze ersetzen. Also misst een sech elo Gedanke maachen, a wéi et schéngt ass dat och de Fall. D‘Regierung huet an dësem Sënn dann och fest wëlles, d‘Ausbildung am medezinesche Beräich auszebauen an ze fërderen. Ze erkennen och dorunner, datt zanter 2004, op de Uni-Lëtzebuerg eng Formatioun zum Hausdokter (Generaliste) ugebuede gëtt.

Mat Erfolleg, well ëmmerhin haten nach viru Chrëschtdag 16 nei Generalisten hiren hippokrateschen Eed ofgeluecht. Dat sinn der esouvill wéi 2016, an laut dem Lydia Mutsch (LSAP) bleiwen dann och déi meescht dovunner zu Lëtzebuerg, wou se eng Praxis opmaachen oder iwwerhuelen. De Gedanke vun enger Schoul déi eenzeg der medezinescher Bildung virbehalen ass, gëtt och vum Héichschoulminister Marc Hansen (DP) gedeelt.

Wann ee keng Zäit huet braucht ee Gedold

Eng vollstänneg Ausbildung bleift am Ament eng laangfristeg Optioun. An éischter Linn gëtt elo emol gepréift, op eng Allianz mat Universitéiten aus der Noperschaft – geduecht gëtt hei u Nanzeg a Stroossbuerg – net awer déi beschte Léisung ass. Enger Zesummenaarbecht mat Universitéiten an Däitschland an der Belsch steet een natierlech och ganz oppe géinteniwwer.

Dat ass dann awer de Ressort vum Marc Hansen, a mat him zesumme wëll d‘Lydia Mutsch am Mäerz de Regierungsrot saiséieren, fir den entspriechende Gesetzprojet unzehuelen an déi legislativ Prozedur anzeleeden. Wéi sech dat zäitlech presentéiert steet awer op engem anere Blat. De Projet „Spidolsplang“ huet ëmmerhin och zolidd Verspéidung kritt.

Bleift also festzehalen, datt d‘Medezinsstudente skeptesch sinn a fäerten, datt et an enger Dose Joren net méi genuch Dokteren zu Lëtzebuerg kéint ginn. Dem géinteniwwer steet den Optimismus vun zwee Ministeren. An zerguttst hale muss een dem Lydia Mutsch an hire Kollegen, datt se konkret Projete fir d‘Ausbildung hunn an heifir och eng uerdentlech Grondlag zustane kruten.

Related topics ALEM, Gesondheetsministère, Héichschoulministère, Lydia Mutsch, Marc Hansen, Myriam Feltgen
Next post Previous post