Search

You may also like

Nei Petitioune leien zur Ënnerschrëft bereet
Meenung Neiegkeeten

Nei Petitioune leien zur Ënnerschrëft bereet

Zanter ee Freideg 19. Mäerz a nach bis den 29.

Grönland: US-Ausseminister probéiert et mat Diplomatie (eng Meenung)
Meenung Neiegkeeten

Grönland: US-Ausseminister probéiert et mat Diplomatie (eng Meenung)

Zéien se sech am Wäissen Haus de Kokain mam Gaardeschlauch

Wou gëtt et wéi eng Impf-Ureizer?
Meenung Neiegkeeten

Wou gëtt et wéi eng Impf-Ureizer?

En Joint oder honnert US-Dollar? Vum Hong bis zur Gees,

Reform vun der Ausbildung vun den Gesondheetsberuffer: Gebastelts à la sauce luxembourgeoise…!

Reform vun der Ausbildung vun den Gesondheetsberuffer: Gebastelts à la sauce luxembourgeoise…!

D’ALEPS, d’Association Luxembourgeoise des Enseignants Pour Professions de Santé asbl, déi sech zanter 2001 fir d’Qualitéit an der Ausbildung vun de Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg asetzt, kontestéiert di aktuell proposéiert Reform.

Als ALEPS fuerderen mir zanter Joren e koherenten Opbau vun deenen Formatiounen an Zesummenaarbecht mat de Berufsassociatiounen. Duerch d’Presse an den Communiqué vun der Regierung goufen mir iwwer d’Zukunft vun de Formatiounen informéiert.

Am CIM (Comité Interministériel ) deen des Reform opgestallt huet, souz net emol ee Vertrieder aus der Formatioun vun den Gesondheetsberuffer mat um Dësch!

Mir fuerderen schonns zanter Joren wuel den Bachelor fir den Infirmier, mee wat eis Regierung elo proposéiert ass fir eis alles aneschtes ewéi koherent.

3 Zorten Infirmiersdiplomer fir eist Land!

  1. Een Diplom „Infirmier_ière BTS“ am LTPS , een aneren Infirmier_ière „Bachelor“ op der Uni an den Infirmier-ière “plus “ als Kiischt um Kuch! Wou ass den Ënnerscheed an den Formatiounsprogrammer an deenen 3 Ausbildungen fir dee selwechten Beruff? Wéi soll dat um Terrain konkret klappen ? Wien mécht wat? Mat wéi enge Responsabilitéiten (Attributiounen)? Mat ënnerschiddlecher Pai?

    Brauchen mir wierklech en 3 Klassensystem fir den Infirmiersberuff hei zu Lëtzebuerg ? A wei soll do d’Orientatioun klappen vun de Schüler a Studenten , bei esouvill Gewulls?
  2. Di 4 scho bestoend BTS spécialisés déi op den Diplom vum Infirmier opgebaut sinn (Assistant Technique Médical de Chirurgie, Infirmier en Anesthésie et Réanimation, Infirmier en Pédiatrie an Infirmier en Psychiatrie) kréien elo no 5 Joer Studium Post Bac, amplaz vun engem Masterdiplom en Bachelor spécialisé. Ass dat eng Opwäertung vun der Formatioun ? All aneren Studium schléisst no 5 Joer mat engem Masterdiplom of (Bolognaprozess).
  3. D’Hiewann krut virun kuerzem nei Attributiounen duerch déi si méi Autonomie a méi Responsabilitéit huet, wat eng Verlängerung vun de Studien op 5 Joer an e Masterdiplom rechtfäerdegt. D’Regierung gesäit leider just e Bachelor mat 4 Joer vir.
  4. Awer och nach aner vill organisatoresch Froen waarden op eng Äntwert:
  • Wéi eng Enseignanten halen wou Couren, op der Uni, am LTPS?
  • Wien soll déi Formatiounen organiséieren ? D’Ressourcen sinn elo schonns knapp!
  • Wéi sollen do d’Stageplazen an den Institutiounen verdeelt ginn?

Mee et bleift eis jo nach Zäit bis d’Rentrée 2023/24… Als ALEPS fuerdere mir dowéinst:

  • Eng eenzeg koherent Ausbildung zu Lëtzebuerg fir den Infimier/ière op Bachelorniveau, esou wéi dat an deenen allermeeschten europäeschen Länner de Fall ass.
  • D’Spezialisatiounen an d’Hiewannsformatioun op Masterniveau!
  • D’Ofschafen vum BTS Diplom fir den Infirmier (ab 2024).
  • Eng koherent Reform vun all den Ausbildungen am Gesondheetssecteur déi mat den Acteuren aus der Formatioun opgebaut gëtt .(cf Tableau en Annexe).
  • D’Transformatioun vum LTPS zur „Ecole Nationale pour Professions de Santé du Luxembourg (ENPSL)“ déi an enker Collaboratioun mat der Université du Luxembourg déi nei Formatiounen ausschaffe soll.

D’ALEPS ass prett fir mat ze diskutéieren an ze verhënneren, dass dee leschten Lëtzebuerger Gesondheetsberuffler geschwënn am Musée steet

Matgedeelt vum Comité vun der ALEPS

Related topics ALEPS, Association Luxembourgeoise des Enseignants Pour Professions de Santé asbl, Bachelor, BTS, Froen, Fuerderung, Gesondheetsberuffer, Hiewan, Infirmier, LTPS, Reform
Next post Previous post